Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Karl VII. (HRR) - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Karl VII. (HRR)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Karl VII.
6. August 1697 – 20. Januar 1745
Keeser vum Hellege Réimesche Räich
Amtszäit 1742-1745
Virgänger Karl VI.
Nofolger Franz I.
Papp Maximilian II. Emmanuel
Mamm Therese Kunigunde

De Karl Albrecht vu Bayern (* 6. August 1697 zu Bréissel; † 20. Januar 1745 zu München) war ënnert dem Numm Karl VII. Keeser vum Hellege Réimesche Räich als zweete Wittelsbacher nom Ludwig IV. Hie war och Kurfürst vu Bayern.

De Karl Albrecht koum zu Bréissel als Jong vum bayresche Kurfürst Maximilian II. Emmanuel an der Therese Kunigunde, Duechter vum polnesche Kinnek Johann III. Sobieski, op d'Welt. 1701 koum d'Famill vu Bréissel nees op München zeréck. 1706 goufen de Karl Albrecht a seng Bridder op Unuerdnung vum Keeser Joseph I. op Klagenfurt a spéider 1711 op Graz bruecht, fir do hier Educatioun ze kréien. Während dem Spueneschen Ierffollegkrich waren d'Elteren allerdings am Exil, de Papp zu Paräis (bis 1715), an d'Mamm zu Venedeg. Nom Krich ass d'ganz Famill nees a Bayern gaangen. De Karl Albrecht huet sech oft um Haff zu Wien opgehal, an huet do och seng Fra kennegeléiert, d'Maria Amalia, Duechter vum Keeser Joseph I. Bestued goufen si de 5. Oktober 1722. Spéider ass de Karl Albrecht duerch Frankräich gereest, war bei der Hochzäit vum Louis XV. derbäi a konnt Kontakter zu Versailles knäppen.

Nom Doud vu sengem Papp ass de Karl Albrecht de 25. Februar 1726 Kurfürst vu Bayern ginn. Seng Politik war engersäits "Habsburgerfrëndlech" mee anerersäits huet hien och nie aus den Aa verluer, eemol d'däitsch Keeserkroun kënnen ze droen.

Nom Doud vum Keeser Karl VI. gouf et kee männlechen Nokomme méi op Habsburger Säit. D'Pragmatesch Sanktioun hat als Ierwin d'Maria Theresia, Duechter vum Karl VI., virgesinn. Op dës weiblech Ierffolleg déi zanter dem Privilegium Minus bestanen huet, konnt sech awer och de Karl Albrecht duerch säi Bestiednis beruffen. Sou koum et zum Éisträicheschen Ierffollegkrich. Bayern hat als Alliéiert d'Fransousen, mee konnten hier Lännereien awer net verdeedegen. Den 12. Februar 1742 gouf de Karl Albrecht zwar zum Keeser gekréint, mee an der Tëschenzäit hat Éisträich mat Preisen e Waffestëllstand ausgehandelt, a war puer Deeg no der Kréinung mat enger Arméi zu München.

De Keeser Karl ass nach während dem Krich gestuerwen, den 20. Januar 1745. De Fridde gouf vu sengem Nofolger Maximilian geschloss, a Bayern muss d'éisträichesch Suprematie unerkennen.

[Änneren] Famill

Mat der Maria Amalie vun Éisträich hat de Karl Albrecht 7 Kanner:

Mat der Charlotte Sophie vun Ingenheim hat hien ee Bouf:

  • Franz Ludwig Grof vun Holnstein (1723-1780), bestued mat der Anna Marie zu Löwenfeld (†1783), Duechter vum Äerzbëschof vu Köln Clemens August I. vu Bayern

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och


Virgänger:
Karl VI.
Keeser vum HRR
1742 - 1745
Nofolger:
Franz I.
Virgänger:
Karl VI.
Kinnek vu Béimen
1741 - 1743
Nofolger:
Maria Theresia
Virgänger:
Maximilian II. Emmanuel
Kurfürst vu Bayern
1726 - 1745
Nofolger:
Maximilian III. Joseph


Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com