Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Éisträicheschen Ierffollegkrich - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Éisträicheschen Ierffollegkrich

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Keeser Karl VI.
Vergréisseren
Keeser Karl VI.
Maria Theresia
Vergréisseren
Maria Theresia

Den Éisträicheschen Ierffollegkrich ass 1740 nom Doud vum Karl VI. ausgebrach, a sollt bis 1748 daueren.

Am Joer 1740 ass et eriwwer mam Gläichgewiicht an Europa, an dat mam Doud vun zwee groussen Herrscher. Nom Doud vum Friedrich-Wilhelm vu Preisen geet d'Kroun u säi Bouw, de Friedrich II., deemools 28 Joer jonk, deen de Ruff vun engem "Bel Esprit" huet, an sech haaptsächlech mat Museker, Philosophen a Poeten ofgëtt, also als "ongeféierlech" gëllt. Den Doud vum Keeser Karl VI. ass do scho méi problematesch. D'Pragmatesch Sanktioun, duerch déi seng Duechter Maria Theresia sollt d'Territoiren vun der Monarchie ierwen, gouf net vun allen europäeschen Herrscher unerkannt. De gréisste Problem war net, wat si ierwe sollt, mee ween alles dovunner profitéiert. Bestued war d'Maria Theresia nämlech mam François III. vu Loutrengen, an duerch d'Ierfschaft hat dësen eng Chance zum Keeser gewielt ze ginn. Fir Frankräich hätt dat d'Habsburger als direkt Nopere bedeit, wat si op kee Fall wollten. Doriwwereraus haten de Friedrich vu Preussen an de Karl Albrecht, Kurfürst vu Bayern hir ege Meenungen wéi den Territoire am beschte kéint opgedeelt ginn.

Dem Friedrich II. säin Ugrëff op Schlesien am Dezember 1740 provozéiert de Krich. De jonke Kinnek vu Preussen notzt de Moment fir seng ege Lännereien op Käschte vun Éisträich ze vergréisseren, wat duerch d'Ierffolleggedeessems geschwächt ass.

Friedrich II. vu Preisen
Vergréisseren
Friedrich II. vu Preisen
Karl Albrecht vu Bayern
Vergréisseren
Karl Albrecht vu Bayern

Den 11. Dezember setzt de Friedrich II. der Maria Theresia en Ultimatium, an dem hien Schlesien als Präis fir seng Unerkennung vun der Pragmatescher Sanktioun a seng Ënnerstëtzung fir d'Wiel vun hirem Mann François zum Keeser fuerdert. Ouni op eng Entwert ze waarden, falen d'Preussen de 16. Dezember a Schlesien an, a besetzten d'Gebidd ouni grouss Resistenzen. D'Éisträicher hunn sech a Béimen a Mähren zeréckgezunn an d'Preusse konnten de ganze Wanter iwwer a Schlesie bleiwen. Nëmmen nach d'Festunge Glogau, Brieg an Neisse waren an éisträichescher Hand. De 5. Abrëll 1741 kënnt et zu der Schluecht vu Mollwitz, enger Victoire fir d'Preussen. Dës Victoire encouragéiert d'Fransousen, de Kurfürst vu Bayern aktiv bei senger Campagne z'ënnerstëtzen, fir zum däitsche Keeser gewielt ze ginn. Ausserdem gëtt zu Versailles och iwwert eng Allianz mam Kinnek vu Preussen nogeduecht, deen jo awer méi staark ass, wéi dat ugeholl gouf. De 5. Juni 1741 schléissen déi dräi eng Allianz. De Karl-Albrecht kritt d'Stëmm vum Kurfürst vu Brandenburg zougeséchert an eng militäresch Hëllef vu Frankräich. Dem Friedrich seng Eroberungen a Schlesien ginn unerkannt, an de Louis XV. kritt Berg a Juliers. Schonns am Mee 1741 war et zu enger Allianz tëscht Bayern a Spuenie komm, déi zu Nymphenburg ënnerschriwwe gi war: de Karl-Albrecht huet dem Philippe V. seng Rechter op d'italienesch Territoire vun den Habsburger unerkannt.

Sou entsteht eng Koalitioun géint Éisträich, ouni dass Frankräich der Maria Theresia oppen de Krich erklärt huet. De Maillebois passt mat enger Arméi zu Hannover op, datt d'Englänner neutral bleiwen, an an der Tëschenzäit mecht sech de Belle-Isle mat enger zweeter Arméi op de Wee Richtung Éisträich.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] De Krich a Béimen an a Bayern (1741-1743)

George II. vun England
Vergréisseren
George II. vun England
Belle-Isle
Vergréisseren
Belle-Isle

De Karl Albrecht vu Bayern féiert seng Truppen, déi aus Fransousen a Bayern bestinn, an Ueweréisträich. De Moritz vu Sachsen, deen e Corps vun dëser Arméi leed, hëllt Linz a Passau an, bedroht Wien a marschéiert a Béimen an. Hien erreecht och, dass säi Brudder Friedrich August, Kurfürst vu Sachsen a Kinnek vu Polen, sech an de Krich amëscht. Trotz dem Verhale vum Friedrich II., deen obschonns hien eng Allianz mat Frankräich huet, de 7. Oktober 1741 e separate Waffestëllstand zu Klein-Schellendorf mat der Maria Theresia aushandelt, zéien sech d'éisträichesch Truppen zeréck.

Am November belageren d'franséisch Truppe Prag an huelen d'Stad schliisslech an. De Karl Albrecht mécht seng Entrée zu Prag a léisst sech als Karl III. zum Kinnek vu Béime kréinen. Duerno verléisst hie Prag nees, a léisst d'Stad de Fransousen ënnert dem Commandement vum de Broglie. De Karl Albrecht reest op Frankfurt wou hien de 24. Januar 1742 zum Keeser ënnert dem Numm Karl VII. gewielt gëtt.

1742 geet et fir Éisträich allerdings nees biergop. D'Maria Theresia wor trotz dem Réckzug nämlech net inaktiv bliwwen. De 25. Juni 1741 gëtt si zur Kinnigin vun Ungarn gekréint, an duerch eng grouss Ried um Reichstag den 11. September sinn d'Ungaren averstanen, hir eng Arméi vun 40.000 Mann zur Verfügung ze stellen. Aus dem Tirol kënnt weider Ënnerstëtzung. Sou kënnen d'Éisträicher Linz zeréckeroberen an a Bayern afalen. Den 23. Februar 1742 huelen si suguer München an. De Friedrich II. huet an der Tëschenzäit de Waffestëllstand vu Klein-Schellendorf "vergiess", an ass a Mähren agefall. Den 17. Mee 1742 gëtt et op en Neits eng Victoire fir d'Preussen géint d'Éisträicher an der Schluecht vu Chotusitz. No Virverhandlungen zu Breslau kënnt et zu engem Friddensvertrag tëscht Preussen an Éisträich den 28. Juli 1742 (Traité vu Berlin).

Well de Friedrich II. sech och net méi u seng Allianz mat Frankräich hällt, stinn des elo alleng a Béimen. Prag gëtt vun den Éisträicher zeréckerobert. Dem Belle-Isle geléngt et awer an engem spektakuläre Manöver mat 15.000 Mann aus der Stad ze kommen. Prag kapituléiert den 2. Januar 1743. D'Campagne a Béimen ass en Echec vun der anti-éisträichescher Politik vum Belle-Isle an huet schlussendlech nëmmen dem Friedrich II. erlabt, Schlesien anzehuelen.

1743 schéckt England der Maria Theresia Truppen, ouni Frankräich de Krich z'erklären. Den George II. begéint de 27. Juni 1743 bei Dettingen um Main der Arméi vum Noailles, a gewënnt des Schluecht. Um Enn vum Joer 1743 zéien sech d'Fransousen op de Rhein zeréck, a reorganiséieren d'Arméi.

[Änneren] Aner Fronten

De Krich huet sech net nëmmen op däitschen Territoiren ofgespillt, mee och an Italien. Allerdéngs sinn des Kämpf extrem zweetrangeg, wat de ganze Krich ugeet. De Charles-Emmanuel vun der Savoie hat zwar d'Pragmatesch Sanktioun net unerkannt, mee kritt awer Angscht, alleng géint d'Spuenier do ze stoen bei senge Versich Mailand ze eroberen. Sou muss hien eng Säit wielen, an hie schléisst sech der Maria Theresia un a gëtt vun den Englänner ënnerstëtzt. 1743 kënnt et zur Schluecht vu Campo-Santo mee ouni eendeitege Gewënner. Zu Worms ginn den 13. September Accorden ënnerschriwwen wouduerch et zu enger Allianz tëscht Éisträich, England a Sardinie kënnt: De ie Charles-Emmanuel kritt eng Arméi vun 30.000 éisträicheschen Zaldote gestallt, Subsiden, an eng Partie vun den Territoiren ronderëm Mailand. Dofir muss hien d'Pragmatesch Sanktioun akzeptéieren. No dësem Ofkommes brécht de Louis XV. all Verhandlunge mat der Savoie of, a schléisst mam Traité vu Fontainebleau (25.10.1743) en zweete Familljepakt mat Spuenien. Déi zwou Monarchien halen zesumme fir Mailand a Parma zeréck z'eroberen. Spuenien hofft suguer Gibraltar a Minorca zeréckzekréien. Italien an d'Mëttelmier sinn 1744 dei nei Bühn vun dësem Krichsspektakel. De Prënz vu Conti kann Nice eroberen.

Och England bleiwt net verschount. Et ginn ëmmer nees Pläng fir Invasiounen an England, mam Ziel dem Old Pretender James III. nees zeréck op den Troun ze hëllefen. Mee schlussendlech bleiwt et bei enger passiver Sympathie vum Louis XV. fir d'Jakobiten.

Preussen verfollegt weiderhin seng ege Politik, trotz Allianzen. Sou probéiert hien eng nei Allianz mat Frankräich ze schléissen, obschonns hien sech mat der Maria Theresia geeenegt hat. D'Sympathie fir de Kinnek vu Preussen, dee blann vum d'Argenson ënnerstëtzt gëtt, ass ënner anerem duerch de Voltaire a Frankräich grouss. D'Maria Theresia kann de Friedrich August vu Sachsen als Alliéierte gewannen, mee si verléieren d'Schluecht zu Hohenfriedeberg de 4. Juni 1745 an de Friedrich II. kann Dresden anhuelen. De 25. Dezember 1745 ënnerschreiwt de Friedrich II. mat Éisträich a Sachsen de Fridde vun Dresden an zitt sech definitif aus dësem Krich zeréck.

Mee de Krich ass nach laang net eriwwer, a verlagert sech an d'éisträichescht Holland.

[Änneren] Franséisch Victoiren an Holland (1744-1748)

Moritz vu Sachsen
Vergréisseren
Moritz vu Sachsen
Louis XV. vu Frankräich
Vergréisseren
Louis XV. vu Frankräich

De Louis XV. ass selwer un der Spëtzt vun der Campagne an Holland am Joer 1744. Mat zwou Arméien marschéiert hien am Mee an. D'Belagerunge loossen net laang op sech waarden: de 25. Juni huelen d'Fransousen Ypres an, den 10. Juli Furnes. D'Schnellegkeet vun dëser Campagne léisst ganz Europa staunen, a beweist dass Frankräich nach ëmmer e staarke Géigner ass. D'Éisträicher erhéigen hieren Drock op den Elsass a bedrohe Loutréngen. De Louis XV. verléisst Flandern a mecht sech op de Wee Richtung Osten, wou hien d'Éisträicher nees zeréckdränge kann. D'Flandernarméi iwwerléisst hien den Moritz vu Sachsen. De Louis XV. muss sech allerdéngs dann zu Metz zeréckzéihen, nodeems hien e geféierlecht Féiwer kritt.

1745 ännert sech d'Gesiicht vum Krich. Nodeems de Keeser Karl VII. den 20. Januar stierwt, kann d'Maria Theresia en Oofkommes mat sengem Ierwe schléissen (Traité vu Füssen, 20. Abrëll), an de Wee ass fräi fir hiere Mann, deen elo zum Keeser gewielt gi kann. Et geet mëttlerweil och net méi ëm éisträichesch Ierfschaften, de Krich entwéckelt sech zu engem Konflikt tëscht Frankäich a Groussbritannien. Den 11. Mee 1745 kënnt et zur Schluecht vu Fontenoy, enger eklatanter Victoire fir d'Fransousen géint d'Alliéiert (Groussbritannien, Éisträich, Holland). Dës Victoire gëtt virun allem vum Voltaire, deen zu dësem Zäitpunkt Historiograf vum Kinnek ass, glorifizéiert. D'Campagne vun 1745 geet séier virun. Nodeems Tournai ageholl ass, fale Gand, Bruges, Ostende an Nieuport. Ouni eng Wanterpaus anzeleen, profitéiert de Moritz vu Sachsen vun der Situatioun, an hëllt den 21. Februar 1746 Bréissel an.

Vu 1746 bis 1747 ginn et weider franséisch Campagnen, déi sech un d'Victoire vun de Joere virdrun uleenen. 1747 schléisst de Moritz vu Sachsen d'Eroberung vun Holland of.

No der terribler Belagerung vu Berg-op-Zoom sëtzen sech d'Kontrahenten 1748 schlussendlech un een Dësch a verhandelen de Fridden.

[Änneren] Bilan: De Louis XV., Arbitter vun Europa

De 25. Oktober 1748 gëtt de Fridden zu Oochen ënnerschriwwen. Zur allgemenger Iwwerraschung iwwerléisst de Louis XV. seng Eroberungen an Holland nees den Éisträicher, a gëtt sech mat Parma an Guastalla als Kompensatioun zefridden. D'Wahl vum François vu Loutréngen zum däitsche Keeser gëtt vun alle Groussmächt akzeptéiert. 1749 zéien sech d'Fransousen aus Holland zeréck. Duerch seng Generositéit kann de Louis XV., arbitre de l'Europe, d'Bourbonen an d'Habsburger nees méi no zesummeféieren.

[Änneren] Déi wichtegst Daten

[Änneren] Literatur zum Thema

  • Jean Bérenger, Histoire de l'Empire des Habsbourg 1273-1918, Fayard, Paräis, 1990.
  • Jean-Paul Bled, Marie-Thérèse d'Autriche, Fayard, Paräis, 2001.
  • Jean-Pierre Blois, Les guerres en Europe 1494-1792, Belin, Paräis, 2003.

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com