Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Guy Wagner - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Guy Wagner

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

De Guy Wagner ass den 20. Abrëll 1938 zu Lëtzebuerg op d'Welt komm. Hien huet seng Kandheet an seng Jugend zu Beddler verbruecht, wuer en 1980 zréckgaangen ass.

Hie war Schoulmeeschter, huet du vun 1979-1983 seng Universitéitsstudien zu Lëtzebuerg an zu Metz niewelaanscht gemaach a mat "grande distinction" ofgeschloss, war Professer am Lycée technique Matthias Adam zu Péiteng (1976-1980) an am Lycée technique Joseph Bech zu Gréiwemaacher (1980-1985), a schliisslech vun 1994 bis 2000 am Lycée technique des Arts et Métiers an der Stad. An der Tëschenzäit huet en zu Esch-Uelzecht gelieft, wou en vun 1978 bis 1980 am Gemengerot war (LSAP). Vun 1985-1992 war en Direkter vum Escher Theater, deem en nei Impulser ginn huet. Zanter dem 1. Januar 2000 huet e seng Pensioun.

Hie war vu jonke Joeren u kulturell aktiv an huet vum 1963 un an Zeitungen matgeschafft. Vu 1970 un ass hie Mataarbechter am Tageblatt, war vun 1973 bis 1976 zoustänneg mam Mars Klein fir d'kulturell Bäiluecht Le Phare an huet vun 1995 un d'Koordinatioun vu kulturissimo gemaach. Hien ass och Mataarbechter vun der Musekszäitschrëft Pizzicato a schreift d'Wierkcommentairen fir d'Concerten vun de Solistes Européens Lëtzebuerg.

1980 huet en de Cercle Européen pour la Propagation des Arts (CEPA) gegrënnt, deen all Joer d'Summerakademie organiséiert.

De Guy Wagner signéiert Winterreise.Roman
Vergréisseren
De Guy Wagner signéiert Winterreise.Roman

Hie schreift an dräi Sproochen: lëtzebuergesch, däitsch a franséisch an ass och als Iwwersetzer bekannt ginn.

Hien huet vum Eugène Ionesco La Cantatrice chauve, vum Jean Anouilh Antigone a vum Samuel Beckett de kompletten Theater iwwersat. 2006 ass seng Iwwersetzung vun Endspill mat vill Erfolleg am Escher Theater an der Inszenéierung vum neien Theaterdirekter Charles Muller crééiert ginn.

Hien huet och mam Guy Rewenig un d'Sakgaass vum Josy Braun matgeschafft an an den Opféierungen matgespillt a war aktiv am Ensembel d'Huwwelbänk.

En ass Matbegrënner vum LSV (Lëtzebuerger Schrëftstellerverband) a mécht deem säin Internet-Site.

Seng Texter goufen och an nationalen an internationalen Anthologien publizéiert.

Als Auteur huet hien 1979 zwéin éischt Präisser am Concours Littéraire National mat Ee wéi deen aneren - (1980 an enger Inszenéierung vum Ed. Kohl am Hei elei, kuck elei opgefouert ... et gouf deemools grouss Opreegong am Wort) -, a mat Aller Tage Abend (ni gespillt). Duerno krut en och nach 2004/2005 mat Winterreise. Roman, e Wierk iwwer d'Liewe vum Franz Schubert, an 2006, mat D'Enn, mäi Frënd all Kéier den éischte Präis am selwechte Concours.

 Mam Mikis Theodorakis op deem sénger Terrass zu Athen
Vergréisseren
Mam Mikis Theodorakis op deem sénger Terrass zu Athen

Hien ass en enke Frënd vum Mikis Theodorakis an huet 1983 d'International Stëftung Mikis Theodorakis Filiki gegrënnt, déi de Site Theodorakis an dräi Sproochen: englesch, franséisch, däitsch betreit. De bedeitende griichesche Komponist huet him seng lescht Kompositioun, d'Bühnemusek zu Medea 2001 dediéiert.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Bicher

Editions PHI:

  • Mikis Theodorakis. Eine Biographie, 1983, ISBN 3-88865-020-8 (vergraff)
  • Ziviler Ungehorsam, Illustratioune vum Alphonse Hutsch, 1984, ISBN 3-88865-019-4
  • Luxemburger Komponisten heute, 1985, ISBN 3-88865-041-0
  • Helleg Famill. Theatertrilogie, 1988, ISBN 3-88865-069-0 besteet aus Ee wéi deen aneren, Hänk dech dach nëmmen op, Dës Kéier kraacht et, an der ganzer Polemik ëm déi dräi Stécker.
  • Mikis Theodorakis. Ein Leben für Griechenland, 1995, ISBN 3-88865-125-5 (Virwuert: Mikis Theodorakis)
  • Mikis Theodorakis. Une vie pour la Grèce, 2000, ISBN 2-87962-125-9 (Virwuert: Mikis Theodorakis)
  • Winterreise. Roman, 2005, ISBN 2-87962-206-9
  • Samuel Beckett: Theater - Waarden op de Godot, Endspill, Katastroph, Wat wou - Iwwersetzungen, 2006, ISBN 2-87962-210-7

Editions le Phare (Editpress):

Editions MOL - GALERIE:

  • Keng Dreem méi. MOL No. 24, 1981
  • Der Herr und der Meister. 3 Kurzgeschichten um Mozart, 2006

Amalthea Verlag, Wien/München:

  • Bruder Mozart. Freimaurerei im Wien des 18. Jahrhunderts, 1996 (2. Oplo: 2003), ISBN 3-85002-502-0

Editions Uraeus Czerwiec (Polen):

Editions Typothito, Athen:

[Änneren] Auszeechnungen

  • Ungaresch Franz-Liszt-Medaille fir besonnesch Verdéngschter ëm déi ungaresch Kultur (als eenzege Lëtzebuerger)
  • Chevalier des Arts et des Lettres
  • Bundesverdienstkreuz Erster Klasse
  • 1. Laureat vum René-Oppenheimer-Präis

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com