Groussherzogleche Palais
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Groussherzogleche Palais an der Stad Lëtzebuerg, 1572 bis 1574 gebaut, ass dem Groussherzog seng Stadresidenz.
E steet op der Plaz vum éischte Staadter Gemengenhaus, dat 1554 duerch d'Explosioun vun engem Polver-Dépôt zerstéiert gi war, a war als Amtssëtz vum Gouverneur vu Lëtzebuerg geduecht. Ursprénglech am Renaissance-Stil gebaut, gouf d'Gebai 1683 ënnert dem Louis XIV. senger Besezung ëmgebaut. 1741-1743 gouf riets vum eelsten Deel (deen tëschent deenen 2 Tiermercher, do, wou um 1. Stack de Balkong ass) en Ubau am Barockstil, '"Wo" genannt, bäigesat. Dëse gouf 1891 ëmgebaut. 1858-1859 gouf nach méi riets deen Deel ugabaut, an deem haut d'Chamber ass.
Tëschent 1795 an 1814 war hei d'Préfecture vum Département des Forêts. Vun 1815 un war d'Gebai eng Zort Allzweckbau: Et war de Sëtz vun der Regierungscommissioun, an dono, bis 1867, vun der Regierung. Vun 1848-1858 un hat och d'Parlament (dat 1857 an eng Stännversammlung ëmgeännert gouf) hei säi Sëtz, bis et dann a säin eegent Gebai niewendru geplënnert ass. 1857 ass och nach de Staatsrot, deen duerch d'Verfassung vun 1856 agefouert gi war, op den 2. Stack erageplënnert. Um selweschten 2. Stack war och nach eng archeologesch Sammlung ënnerbruecht. An de Kinnek-Groussherzog Wëllem II., huet 1841, 1844 an 1845 do gewunnt; säin Nofolger, de Wëllem III., just hei an s do, mee säi Statthalter, de Prënz Henri, neess méi regelméisseg.
1867 sinn, als Resultat vum Londoner Traité, d'preisesch Truppen ofgezu ginn, an d'Regierung kunnt sech am Refuge vu St. Maximäin, do, wou haut den Ausseministère ass, ariichten. De Staatsrot, d'archeologesch Sammlung, de Service agricole an d'Erzéiungskommissioun, déi sech och den 2. Stack hu missen deelen, sinn awer eréischt definitiv 1890 erausgeplënnert, wéi den Adolphe vun Nassau Weilburg Groussherzog vu Lëtzebuerg gouf. Dofir gouf d'Gebai dann och grëndlech renovéiert.
No 1964, an dunn erëm am Ufank vun den 1990er Joeren gouf de Palais all Kéiers moderniséiert a renovéiert.