Evolutioun
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Evolutioun (aus dem Laténgeschen evolvere - "ofwéckelen") bezeechent allgeméng eng lues Entwécklung, déi kontinuéierlech weidergeet.
Méi allgemeng: Evolutioun as e spezifesche Prozess, dee Bestoendes engem stännege Changement ënnerwërft.
Am Kader vun der Evolutiounstheorie vun der Biologie versteet een ënner Evolutioun, déi lues Entwécklung déi kontinuéierlech weidergeet, vun onbeliefter Matière zu der Vielfalt vum Liewe vun haut. Zum Entstoë vum Liewen cf d'Artikelen Entstoë vum Liewen a Liewen (Biologie).
Zur "Evolutioun" an der Natur kuckt Naturgeschicht an zur Evolutioun an der Kultur kuckt Kulturgeschicht a Soziale Wandel.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Oflaaf vun der Evolutioun
No der heitëger Opfaassung vun engem Deel vun de Wëssenschaftler ass d'Evolutioun folgendermoosse verlaf:
[Änneren] Entstoë vun der Matière (Kosmologie)
... Elementardeelercher bilden Atomen. Wéinst der Vielfalt vun de Kombinatiounsméiglechkeeten ergëtt sech d'Vielfalt vun de chemeschen Elementer (kuckt Periodesystem). Aus de chemeschen Elementer bilde sech vill chemesch Verbindungen. Eng Klass vun dëse Verbindungen (organësch Makromoleküler) bilde Stoffwiesselgemeinschaften (kuckt Chemesch Evolutioun an Hyperzyklus). ...
[Änneren] Entwécklung/Verännerung vun der Matièrie (Evolutioun (Geologie))
(Mineralien, Gesténgs → Atmosphär → ...)
[Änneren] Entstoë an Entwécklung vum Liewen (Evolutioun (Biologie))
... präbiotische Stoffwiesselgemeinschaften → Prokaryota → eenzellëg Eukaryota → Vielzeller déi am Waasser liewen → Vielzeller déi u Land liewen
Fier d'Liewen ass d'Evolutioun wichteg, well si mécht et méiglech, sech neie Bedingungen unzepassen. Wann eng Branche Liewewiesen ophält ze évoluéieren, da stierft se aus, esou wéi et deemools den Dinosaurier gaangen ass. D'Evolutioun ass also, am Géigendeel zu deem wat verschidde Leit a Firmen esou mengen, eng gutt Saach.
[Änneren] Theorie vun der Evolutioun
Eng Theorie vun der Evolution versicht d'historesch Ofolleg vun deenen eenzelen Entwécklungsstufen ze rekonstruéieren a Gesetzméissegkeete vun hirer Entwécklung ze ermëttelen. (Kuckt Evolutiounstheorie)
[Änneren] Entstoë vum Begrëff Evolutioun
De Begrëff gouf 1774 vum Schwäizer Naturforscher Albrecht von Haller (1708-1777) fir seng Virstellung vun der Entwécklung vum Mënsch geprägt. Hie war der Usiicht, datt d'Embryonen schonn am Sperma oder am Ee fäerdeg ausgebilt virleien. Dës Homunculi (Eenzahl Homunculus vum lat. Diminuitiv fir Mënsch) enthaalen an hire Keimzellen erëm kléng Mënschen a sou weider bis an all Onendlechkeet (ähnlich wéi d'Prinzip vun de russesche Matroschka-Poppen). Den Antoni van Leeuwenhoek (1623-1723) huet gegleeft datt dës Humunculi während der Beobachtung vu Spermien mat sengem Mikroskop scho gesinn ze hunn.
[Änneren] Literatur
- Ernst Mayr, Das ist Evolution C. Bertelsmann, ISBN 3-570-12013-9
- Klaus Dose, Chemische Evolution und der Ursprung lebender System in Biophysik (Heraugeber: W.Hoppe, W.Lohmann, H.Markl, H.Ziegler), Springer-Verlag, ISBN 35401133552
- Werner Ebeling, Physik der Evolutionsprozesse, Akademie-Verlag, Berlin, ISBN 3055006224
- Hoimar von Ditfurth, Im Anfang war der Wasserstoff Knaur, ISBN 342603395X
- Hoimar von Ditfurth, Der Geist fiel nicht vom Himmel Hoffmann und Campe, ISBN 3455089674