Evolutioun (Biologie)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Biologesch Evolutioun ass Entwécklungsgeschicht vun de Liewewiesen. Si probéiert eng naturwëssenchaftlech Erklärung fir d'Entstoen an d'Verännerungen vun de Liewewiesen am Laf vun der Äerdgeschichte ze fannen.
D'Ziel vun der Evolutiounsbiologie ass d'Rekonstruktioun vun der zäitlecher Offolleg vun den enzelnen Entwëcklungsstufe vun den Organismen. Dëst féiert zu engem hypotheteschen Stammbam vun den Organismen. Dobäi erginn sech Erkenntnisser iwwert d'Gesetzméissegkeeten an d'Mechanisme vun der biologescher Evolutioun.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Existenz vun der biologescher Evolutioun
De Fait datt et eng biologesch Evolutioun gett (wat net vun alle Mënschen als real ugeholl gëtt) kann een ë.a. mat der Existenz vum sougenannten Artenreng beleeën.
[Änneren] Mechanismen vun der biologescher Evolutioun
Haaptsächlech 3 Faktore sinn fir déi biologesch Evolutioun verantwortlech. Si bezéie sech direkt op de Genom (Mutatioun an Gen-Drift) oder indirekt (Selektioun) duerch de Phänotyp dee vum Genom ofhängt.
[Änneren] Mutatioun
Fir Mutatiounen am Genom ginn et vill verschidden Méiglechkeete, si kënnen enzel Basen vum DNS betreffen awer och gréisser Stécker bis hinn zu ganze Chromosmesätz.
[Änneren] Selektioun
Verschidden Phänotypen hun méi eng grouss Iwwerliewenschance (an engem gewëssen, eventuell neiem, Liewesraum) duerch méi eng grouss Fitness oder Resistenz oder awer duerch eng besser Tarnung o.ä. an ginn dofir selektionnéiert (d.h. an dësem Fall z.B. net gefriess). Et kann en (am fall vun enger steteger Eegeschaft z.B. Längt vum Hals) dräi Aarten vun Selektiounen ënnerscheeden:
- geriicht: et geet an eng Richtung
- stabiliséierend: d'Extremer ginn eliminéiert
- disruptiv: d'Extremer ginn zereckbehalen