Däitsch Foussballnationalequipe
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Logo | |||||||||||||||||||
Heemtrikot
|
Auswärtstrikot
|
||||||||||||||||||
Spëtznumm | |||||||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Verband | |||||||||||||||||||
DFB | |||||||||||||||||||
Trainer | |||||||||||||||||||
Joachim Löw, zënter 2006 | |||||||||||||||||||
Bilanz | |||||||||||||||||||
761 Mätcher 436 Gewonn, 151 Onentscheed, 175 Néierlaagen (Stand: 29. Juni 2005) |
|||||||||||||||||||
Rekordspiller | |||||||||||||||||||
Lothar Matthäus (150) | |||||||||||||||||||
Rekordtorschütze | |||||||||||||||||||
Gerd Müller (68) | |||||||||||||||||||
Éischt Lännerspill | |||||||||||||||||||
Schwäiz 5:3 Däitschland (Basel Schwäiz; 5. Abrëll 1908) |
|||||||||||||||||||
Héchste Gewënn | |||||||||||||||||||
Däitschland 16:0 Russland (Stockholm, Schweden; 1. Juli 1912) |
|||||||||||||||||||
Héchste Néierlag | |||||||||||||||||||
England 9:0 Däitschland (Oxford, Groussbritannien; 16. März 1909 |
|||||||||||||||||||
Weltmeeschterschaft | |||||||||||||||||||
Ennronneparticipatiounen: 15 (Éischt: 1934) Bescht Resultater: Weltmeeschter 1954, 1974, 1990 |
|||||||||||||||||||
Europameeschterschaft | |||||||||||||||||||
Ennronneparticipatiounen: 9 (Éischt: 1972) Bescht Resultater: Europameeschter 1972, 1980, 1996 |
D’ Däitsch Foussballnationalequipe ass eng Sélectioun vun däitsche Spëtzespiller, déi vum Bundestrainer getraff gëtt.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Geschicht
[Änneren] Reichstrainer a Bundestrainer
[Änneren] Rekordnationalspiller
- Lothar Matthäus huet als Mëttelfeldspiller vum 14. Juni 1980 bis 20. Juni 2000 150-mol (23 Goler) fir déi däitsch Foussballnationalequipe gespillt an ass domat Rekordnationalspiller. De Matthäus huet als éischte Feldspiller u fënnef Weltmeeschterschaften deelgeholl an gouf 1980 Foussball-Europameeschter, 1982 a 1986 Vize-Weltmeeschter a 1990 als Kapitän vun der Nationalequipe Foussball-Weltmeeschter.
- Jürgen Klinsmann, heidegen Bundestrainer, huet tëschend dem 12. Dezember 1987 an dem 4. Juli 1998 108 Mätcher fir déi däitsch Foussballnationalequipe absolvéiert.
- Jürgen Kohler gouf tëschend dem 24. September 1986 an dem 4. Juli 1998 am ganzen 105-mol an d’ DFB-Sélectioun beruff.
- Franz Beckenbauer, de Weltmeeschter vu 1974 an ehemolegen Teamchef ass tëschend dem 26. September 1965 an dem 23. Februar 1977 am ganzen 103 Lännermätcher fir déi däitsch Faarwen opgelaaf.
- Joachim Streich, 102 Mätcher fir d’DDR tëschend dem 8. Dezember 1969 an dem 20. Oktober 1984.
- Thomas Häßler, 101 Mätcher fir den DFB tëschend dem 31. August 1988 an dem 20. Juni 2000.
- Hans-Jürgen Dörner, 100 Mätcher fir d’Sélectioun vun der DDR tëschend dem 22. Juni 1969 an dem 18. Mee 1985.
- Ulf Kirsten, 100 Mätcher fir d’Sélectioun vun der DDR (51) an den DFB (49) tëschend dem 8. Mee 1985 und dem 20. Juni 2000.
[Änneren] Augezeechent Spiller
[Änneren] Rekordtorschützen
- Gerd Müller ass mat 68 Goler aus 62 Lännermatcher bis haut Rekordbuteur vun der däitscher Foussballnationalequipe. Och an der Foussball-Bundesliga steet hie mat 365 Treffer fir den FC Bayern München ongeschloen un der Spëtzt vun der ’’Torjäger-Lëscht’’. Séng insgesamt 14 Goler bei de Weltmeeschterschaften 1970 (zéng Goler) an 1974 (véier Goler) maachen hien dobäi nach zum erfollegräichsten WM-Buteur vun der Geschicht.
- Joachim Streich war fir d’DDR-Foussballnationalequipe 102-mol um Ball an huet 55 Goler geschoss.
- Rudi Völler, Weltmeeschter vu 1990 an Teamchef vun der Nationalequipe vun 2000 bis 2004, huet an 90 Mätcher am ganzen47 Goler geschoss.
- Jürgen Klinsmann, säit Summer 2004 Bundestrainer, huet 108 Lännermätcher gespillt an dobäi och 47 Goler geschoss.
- Karl-Heinz Rummenigge huet am ganzen 95 Mätcher am DFB-Trikot gespillt und huet 45 Goler geschoss.
- Uwe Seeler, ’’Ehrenspielführer’’ vun der däitscher Nationalequipe, huet an 72 Lännermätcher tëschend 1954 an 1970 am ganzen 43 Goler geschoss.
- Oliver Bierhoff, Europameeschter vu 1996, huet an 70 Lännermätcher am ganzen 37 mol de Gol getraff. Dorënner huet hien an der EM-Final 1996 mat séngem 2:1 - Gewënntreffer den éischte "Golden Goal" bei enger EM geschoss.
- Ulf Kirsten huet am ganzen 100 Lännermätcher fir d’Nationalequippe vum DFV (49 Mätcher) a vum DFB (51 Mätcher) gespillt. Dobäi huet hien am ganzen 34 Goler (DFV:14/DFB:20) geschoss.
- Fritz Walter, de Kapitän vun der Weltmeeschterequipe vu 1954, huet 61-mol de Nationaltrikot gedroen an dobäi 33 Goler geschoss.
- Klaus Fischer huet tëschend 1977 an 1982 am ganzen 45 Lännermätcher gespillt an 32 Goler getraff.
- Ernst Lehner huet tëschend 1933 an 1942 am ganzen 65 Lännermätcher gespillt an 31 Goler geschoss.
- Michael Ballack huet säit 1999 am ganzen 63 Lännermätcher gespillt an bis elo 30 Goler geschoss. (Stand 23.03.2006)
Et gi véier Foussball-Nationalspiller, déi pro Lännermätch am Duerchschnett méi wéi een Gol geschoss hun:
- Gerd Müller huet 68 Goler an 62 Lännermatcher geschoss – kuckt uewen
- Helmut Schön – de spéidere Bundestrainer – huet tëschend 1937 an 1941 an 16 Lännermätcher 17 Goler geschoss.
- Gottfried Fuchs huet tëschend 1911 an 1913 an 6 Lännermätcher 14 Goler geschoss – dovun alleng 10 Goler an engem eenzegen Spill, dem 16:0 den 1. Juli 1912 géint Russland.
- Fritz Becker huet am alleréischte Lännermätch beim 3:5 géint d’Schwäiz de 5. Abrëll 1908 2 Goler, dorënner och an der 6. Minutt den alleréischten däitschen Lännermätch-Gol geschoss. Dëse Mätch wor och säin eenzege bliwen.
[Änneren] Lännerspiller
[Änneren] Nächst Lännermatcher
Datum | Spilluert | Géigner | Spill |
27. Mee 2006 | Freiburg | ![]() |
Testspill |
30. Mee 2006 | Leverkusen | ![]() |
Testspill |
2. Juni 2006 | Mönchengladbach | ![]() |
Testspill |
9. Juni 2006 | München | ![]() |
Foussball-Weltmeeschterschaft 2006 |
14. Juni 2006 | Dortmund | ![]() |
Foussball-Weltmeeschterschaft 2006 |
20. Juni 2006 | Berlin | ![]() |
Foussball-Weltmeeschterschaft 2006 |
[Änneren] Lescht Resultater
Datum | Spilluert | Géigner | Resultat | Torschützen | |
17. August 2005 | Rotterdam | ![]() |
2:2 (0:1) | Robben (3., 46.), Ballack (49.), Asamoah (81.) | |
3. September 2005 | Bratislava | ![]() |
0:2 (0:2) | Karhan (20., 38.) | |
7. September 2005 | Bremen | ![]() |
4:2 (1:1) | Podolski (12., 48., 55.), Bartlett (26.), Borowski (47.), McCarthy (50.) | |
8. Oktober 2005 | Istanbul | ![]() |
1:2 (0:1) | Halil Altintop (24.), Sahin (89.), Neuville (90.+4.) | |
12. Oktober 2005 | Hamburg | ![]() |
1:0 (0:0) | Frings (51.) | |
12. November 2005 | Paräis | ![]() |
0:0 | ||
1. März 2006 | Florenz | ![]() |
1:4 (0:3) | Gilardino (4.), Toni (7.), De Rossi (39.), Del Piero (57.), Huth (82.) | |
22. März 2006 | Dortmund | ![]() |
4:1 (0:0) | Schweinsteiger (46.), Neuville (73.), Klose (75.), Ballack (79.), Cherundolo (85.) |
[Änneren] Bescht Resultater
[Änneren] Aktuelle Kader
Golkipper:
- Timo Hildebrand (VfB Stuttgart)
- Oliver Kahn (FC Bayern München)
- Jens Lehmann (FC Arsenal London)
Oofwier:
- Arne Friedrich (Hertha BSC Berlin)
- Manuel Friedrich (FSV Mainz 05)
- Andreas Hinkel (VfB Stuttgart)
- Robert Huth (FC Chelsea London)
- Marcell Jansen (Borussia Mönchengladbach)
- Philipp Lahm (FC Bayern München)
- Per Mertesacker (Hannover 96)
- Christoph Metzelder (Borussia Dortmund)
- Patrick Owomoyela (SV Werder Bremen)
- Lukas Sinkiewicz (1.FC Köln)
Mëttelfeld:
- Michael Ballack (FC Bayern München)
- Tim Borowski (SV Werder Bremen)
- Fabian Ernst (FC Schalke 04)
- Torsten Frings (SV Werder Bremen)
- Thomas Hitzlsperger (VfB Stuttgart)
- Sebastian Kehl (Borussia Dortmund)
- Bernd Schneider (Bayer Leverkusen)
- Bastian Schweinsteiger (FC Bayern München)
Ugrëff:
- Gerald Asamoah (FC Schalke 04)
- Mike Hanke (VfL Wolfsburg)
- Miroslav Klose (SV Werder Bremen)
- Kevin Kurányi (FC Schalke 04)
- Oliver Neuville (Borussia Mönchengladbach)
- Lukas Podolski (1. FC Köln)
[Änneren] Literatur
- Bauer, Andreas: Das Wunder von Bern, Verlag Wißner, Abrëll 2004 (ISBN 3896394266)
- Bender, Tom/ Ulrich, Kühne-Hellmessen: Herrlich verrückte Nationalmannschaft, Makossa Druck und Medien, August 2001, 256 Säiten (ISBN 3926337400)
- Bitter, Jürgen: Deutschlands Fußball-Nationalspieler, Sportverlag, 1997 (ISBN 3328007490)
- Die deutschen Nationalspieler, Bd. 1, 1988, 96 Säiten (ISBN 3890011012)
- Fuhr, Wolfgang: Rahn schießt . . . Tor, Tor, Tor, Verlag Agon, Abrëll 2004, 104 Säiten (ISBN 3897842548)
- Mrazek Copress, Karlheinz: Fussball. Die besten deutschen Nationalspieler. 90 Jahre Nationalmannschaft, Copress, 1997, 160 Säiten (ISBN 3767905264)
- Schulze-Marmeling, Dietrich: Die Geschichte der Fußball-Nationalmannschaft, Verlag Die Werkstatt, Abrëll 2004 (ISBN 389533443X)