Charles-Gérard Eyschen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Charles-Gérard Eyschen (2. Juni 1800 zu Bauschelt - 28. September 1859) war e lëtzebuergesche Jurist a Politiker.
De Charles-Gérard Eyschen huet op der Universitéit zu Léck studéiert. Dës Studien huet en 1826 mat enem Doktorat am Droit ofgeschloss. Mee och Literatur a Philosophie hunn hien intresséiert; an sou gouf hien zu Aalst (Alost) am Gemengekolléisch Rhetoriks-Professer. Hien huet sech parallel dozou awer och am nämlechte Joer zu Bréissel um Barreau ageschriwwen. 1829 huet hien zu Alost gekënnegt an zu Léck en Doktorat an der Philosophie ofgelecht.
Den 30. Juni 1830 gouf de Charles-Gérard Eyschen zum Riichter um Dikrecher Éischtinstanz-Geriicht ernimmt. D'Belsch Revolutioun gouf him d'Geleeënheet, sengen orangistesche Gefiller Ausdrock ze verschafen, ë.a. an engem anonym publizéierten Artikel am Journal de la Ville et du Grand-Duché de Luxembourg. Hien huet seng Carrière dann och missen op Lëtzebuerg konzentréieren, well en sech et an der nei gerënnter Belsch verduerwen hat.
E gouf Affekot an der Stad Lëtzebuerg (1831-1832), Member vum Bureau de bienfaisance (1831-1837, Member vun der Commission des Comptes (1831-1840, an ass an der Magistratur séier d' Trap erop gefall: Suppléants-Friddensriichter a Riichter um Éischtinstanz-Geriicht an der Stad (1832), President vum Arrondissementsgeriicht un Dikrech (1840), President vum Stater Arrondissementsgeriicht (1842), Conseiller um Ieweschte Geriichtshaff an um Kassatiounsgeriicht (1843).
Do dernierft gouf en och nach 1844 Member vum Comité permanent de la Commission d'instruction primaire a Schoulinspekter vum Kanton Capellen (bis 1849), 1849 dann Member vun der Commission des Curateurs vum Atheneum (bis 1856), an sutz nach an deem engen oder aneren Examens-Jury fir Leit, déi hiert Doktorat am Droit oder an der Literatur wollte maachen.
1845 gouf e Vertrieder am Ständerot. an vun 1848 bis 1856, Deputéierten an der Chamber wou e reaktionär-konservativ Iddie vertrueden huet, wéi se och z.B. den apostolesche Vikar, de Jean-Théodore Laurent zu deer Zäit vertrueden huet. Hie war och ee vun de Matgrënner vum Luxemburger Wort.
1856 gouf e Member vun der Regierung Simons, wou en Administrateur général vun der Justiz an der Bildung gouf. Hien huet net verstoppt, dass e virun allem Member vun der Regierung gouf fir déi a sengen Ae vill ze liberal Verfaassung vun 1848 z'amendéieren.
Nom Staatsstreech vun 1856 goufen dann och, géint de Wëlle vun zwee Drëttel vun der Chamber, dem Kinnek-Groussherzog an der Kierch nees méi Rechter zougestanen an d'Volleksvertrieder an hire Pouvoirë beschnidden.
1857 goufen hien an den Emmanuel Servais bei enger Regierungsëmbildung net méi mat an d'Exekutiv erageholl. Si goufen allen zwéin Member vum neigegrënnte Staatsrot, an den Eyschen och nees ee vun de Membere vum Ieweschte Geriichtshaff.
1859 ass de Charles-Gérard Eyschen no schwéierer Krankheet gestuerwen.
Hie war 2 Mol bestued a Papp vu 5 Kanner, dorënner och de Paul Eyschen.