Emmanuel Servais
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Emmanuel Servais (* 11. Abrëll 1811 zu Miersch, + 17. Juni 1890 zu Bad Nauheim) war e lëtzebuergesche Politiker an Auteur.
[Änneren] Säi Liewen
Den Emmanuel Servais huet vun 1829 bis 1833 zu Gent, Paräis a Léck Droit studéiert a sech dono zu Arel als Affekot niddergelooss. Hien huet eng aktiv Roll bei der Belscher Revolutioun gespillt a gouf Member vum Provënzialrot. An deene Joeren huet hien och eng Zeitung gegrënnt an erausginn, L'écho du Luxembourg.
1939 ass den Emmanuel Servais hannescht op Miersch komm an huet sech um Barreau an der Stad Lëtzebuerg ageschriwwen. Tëschent 1841 an 1848 war e Member vun der Assemblée des États, a gouf 1848 Vertrieder an der Assemblée constituante.
Vun 1853 bis 1857 war hien Administrateur général vun de Finanzen - haut giff ee Minister soen - an der Regierung Simons. Vun 1857 bis 1867 war hie Member vum Staatsrot. Enn 1867 gëtt hie Staatsminister a President vun der Regierung (bis de 26. Dezember 1874, wou en iwwerraschend säi Récktrëtt bekannt gëtt). Hien ass bis 1887 President vum Staatsrot a vun 1875 bis 1890 Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg.
Den Emmanuel Servais huet 4 Lëtzebuerger Constitutioune mat ausgeschafft: déi vun 1841, 1848, 1856 an 1868 an huet mam Victor de Tornaco zesummen den Traité vu London vun 1867 mat ënnerschriwwen.
No dëser aussergewéinlecher politescher Carrière huet hie sech och als Auteur en Numm gemaach, z.B. iwwert déi réimesch Institutiounen vun der Zäit virum Zweete Punesche Krich.
Seng Autobiographie ass viru kuerzem vun der Fondation Servais nees publizéiert ginn.