Aloyse Meyer
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Aloyse Meyer (* 31. Oktober 1883 zu Klierf, † 3. Mee 1952) war e lëtzebuergeschen Ingenieur a Manager an der Siderurgie.
Hien huet op der Technescher Héichschoul zu Oochen en Diplom fir Ingenieur gemaach a gouf 1903 am Diddelenger Konstruktiounsbureau agestallt. E puer Méint drop war en do Ingénieur-adjoint op der Schmelz, 1906 Chef de service an 1912 Direkter. 1918 koum en als techneschen Direkter an d'Zentaladministratioun vun der Arbed, wou en 1920 Generaldirekter gouf.
1925 gouf den Aloyse Meyer och Direkter vun der Chambre de Commerce, an ass 1928 dem Émile Mayrisch, no deem sengem Doud, als President vun der europäescher Stolunioun nogefollegt. An der Zäit vun der däitscher Okkupatioun am Zweete Weltkrich gouf en als Arbeds-Direkter ofgesat, an e gouf just virun der Befreiung, 1944 verhaft an a Däitschland bruecht, esou datt en eréischt am Abrëll 1945 fräikoum. Spéider gouf bekannt, datt en der belscher Resistenz héich Geldzommen zoukomme gelooss hat.
Hien huet d'Arbed nees an d'Hänn geholl an nei opgebaut, vum Abrëll 1947 un als President vum Verwaltungsrot.
Gestuerwen ass en 1952.