Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Actioun Lëtzebuergesch - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Actioun Lëtzebuergesch

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Actioun Lëtzebuergesch (AL) ass eng Vereenegung, déi de 27. November 1971 gegrënnt gouf, mam Zil, "fir alles anzetrieden, wat lëtzebuergesch ass, apaart fir eis Sprooch, geschwat a geschriwwen" (esou hir Satzung).

De grousse Succès mat den Annoncentexter. Déi 2. Oplo vun 1982
Vergréisseren
De grousse Succès mat den Annoncentexter. Déi 2. Oplo vun 1982

Op hirem Programm stungen déi heite Punkten:

  • Lëtzebuergesch an der Schoul an an der Kierch;
  • Lëtzebuergesch op Stroossen- an Uertschaftsschëlter;
  • Lëtzebuergesch op Timberen;
  • Lëtzebuergesch op Billjeten a Mënzen;
  • Lëtzebuerger Owender, Hëllef fir Lëtzebuerger Auteuren;
  • Lëtzebuergesch an Annoncen a Reklammen;
  • E Lëtzebuerger Haus.

An hirer Ufanksperiod huet d'Actioun Lëtzebuergesch sech misse ferm géint Virwërf wieren, si wir nationalistesch, reaktionär oder giff "Heimattümelei" bedreiwen. No an no awer ass hir Aarbecht op eng ëmmer méi breet Zoustëmmung gestouss. Den Opschwonk vum Lëtzebuergeschen a ville Beräicher an den 1970er an 1980er Joeren, ass dann och direkt oder indirekt op d'Aktivitéite vun der AL zeréckzeféieren.

Op hire Lobbyismus hinn ass en neit Lëtzebuergeschbuch fir d'Primärschoulen, Lëtzebuergesch an der Schoul, ausgeschafft ginn, an d'Lëtzebuergesch gouf als Schoulfach op de Septièmen a Huitièmen an de Lycées techniquën agefouert. An Zesummenaarbecht mam Bistum goufe Masstexter (Hochzäit, Begriefnes,...) Gebieter a Lidder iwwersat, sou dass d'Massen no an no ëmmer manner op däitsch gehale goufen.

Och d'Derbäisëtze vun de Lëtzebuerger Nimm op den Uertschaftsschëlter ass zum groussen Deel op d'Dirängele vun der AL zeréckzeféieren.

Dee gréiste Succès awer haten si mat de Mustere (Stuelen) vun Texter fir Gebuerts-, Hochzäits- an Doudesannoncen an der Zeitung. 1974 ware just 519 deeër Annoncen op Lëtzebuergesch, 1980 scho 6 mol méi (3.894). Haut sinn iwwer dräi Véierel vun de Familienannoncen a Lëtzebuerger Sprooch.

Pionnéieraarbécht huet AL och mam Organiséiere vun Owescoursën geleescht, fir Lëtzebuergesch z'enseignéiern. Tëschent 1975 an 1980 hunn all Joers eng 800 Leit deeër Coursë besicht.

Der AL gouf alt virgeworf, si giff en antiquéiert Lëtzebuergesch propagéieren, wat kee méi giff gebrauchen, a giff mat hirem resolute Bestëmmen, wat gutt Lëtzebuergesch as, d'Leit veronsécheren. Och goufen Tendenze kritiséiert, dass en ze staarkt Insistéieren um Lëtzebuergeschen zu engem Ofleene vun allem, wat net Lëtzebuergesch ass, giff féieren. D'AL huet dann och eng Kéier misse Memberen erausgeheien, déi mat auslännerfeindleche Remarquën opgefall waren. Zënterhir weist d'AL ëmmer nees op de wichtege Bäitrag zu der Integratioun, deen d'Sproochcoursën fir déi auslännesch Matbierger sinn an distanzéiert sech vun allem Ofgrenzen vis-à-vis vun Net-Lëtzebuerger.

Zënter 1971 gëtt d'AL d'Zäitschrëft Eis Sprooch (Nei Folleg) eraus, déi ganz op Lëtzebuergesch geschriwwen ass.

Vun 1984 un verdeelt d'AL och d'Dicks-Rodange-Lentz-Sëlwerplakett fir besonnesch Verdingschter ëm d'Lëtzebuerger Sprooch.

Zënter 1994 publizéiert d'AL regelméisseg an den Dageszeitungen eng Rubrik mam Titel Eng Klack fir eis Sprooch.

De Lex Roth war Grënnungsprësident vun der AL, zënter 1998 ass e Vize-President.

[Änneren] Literatur

  • Emile Schmit: "10 Joer Actioun Lëtzebuergesch". In: Eis Sprooch 20 (1981), N.F. Nr. 13, S. 1-8.

[Änneren] Um Spaweck

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com