UNESCO-Gediechtnes vun der Welt
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D' UNESCO-Gediechtnes vun der Welt (MEMORY OF THE WORLD) ass e Programm, deen 1992 vun der UNESCO an d'Liewe geruff ginn ass. An deem Programm geet et drëm, Dokumenter, déi an Archiven, Bibliothéiken, Muséeën oder anere kulturellen Institutiounen leien, ze sécheren an se der Mënschheet zougänglech ze maachen. Et soll e Regëster vun alle wichtege Manuskripten, Partituren, Bild-, Toun- a Filmdokumenter ginn.
Bis 2005 sinn 120 Dokumenter vun allen Zorten opgelëscht.
Lëtzebuerg ass an deer Lëscht mat der The Family of Man-Ausstellung vertrueden.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Argentinien
- 1997: Dokumenter vum Vize-Kinnekräich vum Rio de la Plata aus den National-Archive vu Buenos Aires.
[Änneren] Armenien
- 1997: D'Manuskripter vum Maschtots Matenadaran aus dem Maschtots Institut fir al Manuskripten vun Eriwan.
[Änneren] Australien
- 2001: D'Logbicher vum James Cook aus der National Library of Australia zu Canberra.
- 2001: D'Manuskripten aus dem Mabo-Prozess aus der National Library of Australia zu Canberra.
[Änneren] Belsch
- 2001: D'Geschäftsarchiv vum Officina Plantiniana am Plantin-Moretus-Musée zu Antwerpen
[Änneren] Däitschland
- 1999: D'Phonogramm-Archiv bei der Stiftung Preußischer Kulturbesitz zu Berlin.
- 2001: Dem Johannes Gutenberg seng Erfindung vun 1450 vum Buchdrock mat mobile Buschtawen.
- 2001: Dem Johann Wolfgang von Goethe seng literaresch Successioun.
- 2001: Dem Ludwig van Beethoven seng 9. Sinfonie (Beethoven).
- 2001: Dem Fritz Lang säi Stommfilm-Klassiker Metropolis vun 1925/26.
- 2003: D'Reichenauer Handschrëften aus der Ottonescher Zäit éinst der Buchmolerei.
- 2005: D'Kasseler Handexemplare vun de Kanner- an Hausmäerercher vum Jacob a Wilhelm Grimm. De Grond fir d'Nominéierung si 14 Mäerchen- an zwee Kommentarbänn aus de Joren 1812 bis 1857 aus dem Kasseler Grimm-Musée.
[Änneren] Däitschland an USA
- Waldseemüller-Kaart vun 1507 aus der Library of Congress vu Washington D.C..
[Änneren] Éisträich
- 1997: D'Wiener Manuskript vum Pedanios Dioskurides (Iwwer medezinesch Substanzen) dat ëm 512 geschriwwe gouf.
[Änneren] Finnland
- 1997: D'Nordenskiöld-Sammlung vu karthographeschem a geographeschem Material an der Universitéitsbibliothéik zu Helsinki.
[Änneren] Korea
[Änneren] Lëtzebuerg
- 2003: D'Fotosausstellung The Family of Man, déi vum Edward Steichen zesummegestallt gi war.
[Änneren] Russland
- 1997: D'Evangelium vun Archangelsk vun 1092, Russesch Staatsbibliothéik, Moskau
- 1997: D'Evangelium vu Khitrovo, Russesch Staatsbibliothéik, Moskau
- 1997: Slawesch Verëffentlechungen a kyrillescher Schrëft aus dem 15. Joerhonnert, Russesch Staatsbibliothéik, Moskau
- 1997: Zeitungssammlungen, Russesch Staatsbibliothéik, Moskau
- 1997: Landkaarte vum Russesche Räich a senge Landesdeeler aus dem 18. Joerhonnert, Russesch Staatsbibliothéik, Moskau
- 1997: Russesch Plakater vum Enn vum 19. an dem Ufank vum 20. Joerhonnert, Russesch Staatsbibliothéik, Moskau
- 2001: D'historesch Sammlunge vum St. Petersburger Tounarchiv (1889-1955), Institut fir Russesch Literatur a Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, St. Petersburg
[Änneren] Uruguay
- 2003: Originalschallplacke vum Tango-Sänger Carlos Gardel aus der Horacio-Loriente-Sammlung