Tschaturanga
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Tschaturanga kënnt aus Indien a kann als Ur-Schach an als Ur-Xiangqi (chinesesch Schachvariant) ugesinn ginn.
Der So no ass Tschaturanga am 4. Joerhonnert vum Sisa Ibn Dahir erfonnt ginn. Den deemolegen indeschen Herrscher Shihram war esou vum Spill begeeschtert, datt en dem Sisa Ibn Dahir e Wonsch fräi gelooss huet. Deen huet sech dunn e Räiskoar gewënscht, dat op dat éischt Spillfeld geluet sollt ginn, op dat zweet Feld zwee Käeren, op dat drëtt véier Käeren, an esou weider, bis zum 64. Feld ëmmer d'duebel Zuel vu Räiskäeren. Den Herscher duecht, bëlleg ewechzekommen. Mee wéi en dunn gemierkt huet, datt den Sisa Ibn Dahir sech an Wiirklechkeet méi wéi 18 Trilliounen Räiskäeren (fir genau ze sinn: 18.446.744.073.709.551.615 Käeren) gewënscht hat, also wäit méi wéi et der am ganzen Land iwerhaapt gouf, do huet en dem Sisa Ibn Dahir den Kapp erofhaen gelooss.
Genee wéi bei eisem Schach besteet en Tschaturanga-Briet och aus 8 x 8 Felder. D'Spillfiguren sinn och déiselwescht, just heeschen se heiansdo anescht a si kënnen net all wéi eis Schachfiguren zéien. D'Haaptënnerscheeder zu eisem Schach sinn déi heiten:
- D'Zaldoten (padati, eis Baueren) kënnen och bäim éischten Zuuch just ee Feld no vir zéien.
- Den Elephant (hastin, eise Leefer) spréngt diagonal just zwee Felder wäit.
- De Won (ratha) zitt grad ewéi eisen Tuerm, en heescht just anescht.
- De Rot (mantrin, eis Damm) zitt just diagonal a just ee Feld wäit.