Transport
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Transport (v. lat. transportare - eriwwerbréngen, droen) ass d'Befërderung (droen, fueren, pompelen, senden asw.) vu Persounen (Persounentransport: Taxi, Linnen- /Charterverkéier) oder Gidder (Gidderverkéier) vun enger Plaz op déi aner. Och beim Stroum, der Informatik an der Telekommunikatioun kann ee vun Transport schwätzen.
An der Regel gebraucht een dofir Verkéiersmëttel (Gefierer, Leitungen asw.) an Transportmëttel (Container).
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Transportaarten a Verkéiersmëttel
[Änneren] Buedemtransport
- Stroossentransport:
- net motoriséiert Verkéiersmëttel: Rollstull, Päerdskutschen, Vëlo, …
- motoriséiert Verkéiersmëttel: do gëtt tëscht dem Individualverkéier, wéi Auto a Kamion an dem Ëffentlechen Transport, wéi Bus ënnerscheet.
- Schinnentransport: Zuch, Tram, Metro …
- Mechaneschen Transport: Lift, Sessellift, …
- Transport iwwert Stroum- an Dateleitungen, Pipelinen, …
[Änneren] Aviatioun
D’Aviatioun ass den Transport vu Mënschen a Gidder an der Loft.
- Verkéiersmëttel : Fliger, Helikopter, Segelfliger, Ballon … .
[Änneren] Navigatioun
D’Navigatioun ass de Verkéier an Transport vu Mënschen a Gidder um oder am Waasser. Déi verschidden Transportweeër sinn: Waasserstroossen, Séiën, Flëss, Mierer, Kanäl, …..
- Verkéiersmëttel iwwert der Waasseriwwerfläch: Schëff, Fär, Boot, …
- Verkéiersmëttel ënnert der Waasseriwwerfläch: U-Boot
[Änneren] Raumfahrt
- bemannte Raumfahrt : Raumschëff, Raumfär
- onbemannte Raumfahrt : Rakéit, Satellit
[Änneren] Infrastrukturen
- Strosseverkéier: Stroossen, Autobunnen, Vëlosweeër, Parkingen, ….
- Schinneverkéier: Schinne fir Zuch, Tram a Metro, Garen, …
- Loftverkéier: Flughäfen, Rakéitenofschéissrampen…
- Waassertransport: Häfen, Schleisen, …
[Änneren] Kuckt och
- Verkéier
- Verkéiersmëttel
- Fracht
- Persounentransport
- Giddertransport
- Transport (Biologie)
- Infrastukturen