Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 11. Tour de France gëtt vum 29. Juni bis de 27. Juli 1913 a 15 Etappe gefuer Mat enger Totaldistanz vu 5. 388 km.
- D’Generalklassement gëtt eëm op d’Zäit gemaach an dee System bleiwt definitif bestoen.
- Den Départ vum Tour ass zu Boulogne-Billancourt an d’Arrivée ass am Parc des Princes. Et ass fir d’éischt wou den Tour den ëmgedréinte Wee fiert.
- Den Tour vun 1913 ass markéiert duerch Accidenter a ganz vill Abandonen.
- Trotzdem datt déi aner Equippe sech zesummegedo haten fir d’Equipe Peugeot kleng ze kréien, konnt dës Equipe awer déi 3 éischt Plazen am Generalklassement besetzen.
- Den Eugène Christophe dee mat sengem Coéquipier Thys an der Etapp vu Luchon ugaang war, a vituellen Éischten um Tourmalet war huet do dommerweis seng Gafel gebrach. Well all Hëllef verbued war huet hie seng Gafel selwer bei engem Schmatt gefléckt. Hie verléiert all Chancen op den Tourgewënn, mä hie geet an d’Geschicht vum Tour an. s entre dans la légende du Tour.
- De Lucien Petit-Breton, vun der Equipe « Automoto », ass nach am Kampf fir d’Schlussklassement wéi hien huet missen an der 14. Etapp opginn well hie schwéier gefall war. An der selwechter Etapp fällt dee bis dohin Éischten am General de Philippe Thys och an dat kascht hien 10 Minutten. Hie bleiwt awer ganz knapps vir am Generalklassement. *Moyenne vum Gewënner : 26,715 km/h.
Tour de France |
1903 | 04 | 05 | 06 | 07 | 08 | 09 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 | 19 | 20 | 21 | 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 | 29 | 30 | 31 | 32 | 33 | 34 | 35 | 36 | 37 | 38 | 39 | 47 | 48 | 49 | 50 | 51 | 52 | 53 | 54 | 55 | 56 | 57 | 58 | 59 | 60 | 61 | 62 | 63 | 64 | 65 | 66 | 67 | 68 | 69 | 70 | 71 | 72 | 73 | 74 | 75 | 76 | 77 | 78 | 79 | 80 | 81 | 82 | 83 | 84 | 85 | 86 | 87 | 88 | 89 | 90 | 91 | 92 | 93 | 94 | 95 | 96 | 97 | 98 | 99 | 2000 | 01 | 02 | 03 | 04 | 05 | 06 | 07 |