Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Lucien Petit-Breton - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Lucien Petit-Breton

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Lucien « Petit-Breton »
Vergréisseren
Lucien « Petit-Breton »

De Lucien Mazan, genannt Lucien Petit-Breton gebuer den 18. Oktober 1882 zu Plessé an der Loire-Inférieure a gestuerwen den 20. Dezember 1917 zu Troyes war e franséische Vëlossportler an Tour de France-Gewënner.

[Änneren] Biographie

Dem Lucien säi Papp war an Argentinien ausgewandert. De Lucien huet zu Buenos Aires fir d’éischt bei Kompetitiounen matgemaach a seng Succèsen hun him de Spëtznumm El Breton abruecht, deen hien och bäigehal huet fir seng sportlech Aktivitéite viru sengem Papp , deen net ganz begeeschtert vum Vëlosport war, ze verstoppen.

Nodeems hien a Frankräich zréckkomm war fir säi Militärdéngscht ze maachen huet hien eng professionell Vëloscarriére ugefaangen. Well nach en anere Coureur Breton geheescht huet, huet hien de Pseudonyme Petit-Breton ugeholl, an deen Numm och spéider u säi Bouf weiderginn. Hie gëtt an de Cyclistekreeser awer och nach dacks l’Argentin genannt.


Hie fänkt seng Carrière 1902 bei de Profien un a gewënnt 1904 op der Piste de Bol d’Or . Dat Joer duerno stellt hien zu Paräis um Buffalo Vëlodrome en neie Stonneweltrekord op mat enger Moyenne vun 41,110 km. Duerno gewënnt hien 1906 Paris - Tours, 1907 déi éischt Editioun vu Milano - Sanremo , an zweemol den Tour de France ( 1907 an 1908), woubäi hien 1907 zwou Etappe gewënnt an 1908 fënnef Stéck.

De Lucien Petit-Breton war den éischte Coureur den den Tour zweemol hannernee gewonnen huet.

Hie bleiwt bis 1914 an der Course a gëtt dat Joer no neng Etappen op. Den Éischte Weltkrich mecht senger Carrière en Enn.


Hie stierft un der Front 1917 an engem Autosaccident.

Seng zwéi Bridder de Paul an den Anselme waren och gutt Vëlosportler, grad esou wéi säi Bouf den Yves Peti-Breton deen am Tour vun 1948 Sportsdirekter vun der Equipe de l’Ouest war.

[Änneren] Palmarès

[Änneren] 1902

  • 2. am Bol d’Or

[Änneren] 1904

  • 1. am Bol d'Or : 852 km a 24 Stonnen

[Änneren] 1905

  • Stonneweltrekord : 41,110 km um Buffalo Vëlodrome zu Paräis
  • Weltrekord op 20 km : 28' 59" 4
  • Weltrekord op 10 km : 14' 04" 4 (1905)

[Änneren] 1906

[Änneren] 1907

[Änneren] 1908

[Änneren] 1909

[Änneren] 1910

  • 3. an der franséischer Strosseweltmeeschterschaft

[Änneren] 1912

[Änneren] Resultater am Tour de France

  • Tour de France 1905 : 5. am Generalklassement
  • Tour de France 1906 : 4. am Generalklassement
  • Tour de France 1907 : 1. am Generalklassement
  • Tour de France 1908 : 1. am Generalklassement
  • Tour de France 1910 : Opginn an der 7. Etape
  • Tour de France 1911 : Opginn an der 1. Etape
  • Tour de France 1912 : Opginn an der 2. Etape
  • Tour de France 1913 : Opginn an der 14. Etape
  • Tour de France 1914 : Opginn an der 9. Etape

[Änneren] Resultater am Giro d'Italia

  • Giro d’Italia 1910 : Opginn
  • Giro d’Italia 1911 : Opginn 1 Etape gewonnen
Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com