Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
TCP/IP-Protokollstapel - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

TCP/IP-Protokollstapel

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Den TCP/IP-Protokollstapel oder TCP/IP-Referenzmodell (engl: protocol stack) ass ee Schichtemodell, dat d'Kommunikatiounsprotokoller aus der Internet-Protokoll-Famill (engl: internet protocol suite), jee no hiren Aufgaben a prinzipiell véier openeen opbauent Schichten andeelt.

Dës Andeelung ass net aus Spezifikatioune vun engem Standardiséierungskommitee, wéi et beim ISO/OSI-Referenzmodell de Fall ass, mee ass aus den Ufuerderungen an den Erfarungen aus der Entwécklung vum Internet entstan. Béid Modeller loosse sech awer souwäit uneneen upassen.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Protokollstapel

Protokoller (Auswiel)
Uwennungsschicht DNS HTTP FTP SMTP POP3 Telnet SSH
Transportschicht TCP UDP
Internetschicht IP (IPv4, IPv6) ICMP
Netzzouganksschicht Ethernet Token Ring FDDI

[Änneren] Netzzouganksschicht

D'Netzzouganksschicht oder Bitiwwerdroungsschicht (engl: Physical Layer oder Host-to-Network Layer) huet als Haaptaufgab dofir ze suergen, datt eng sécher Iwwerdroung vun den Datepäck tëschent zwee benoperte Computeren kann oflafen. Déi ze iwwerdroe Bits ginn zu Datepäck vun enger bestëmmte Gréisst zesummegesat a mat enger Préifzomm ergänzt, so datt Iwwerdroungsfeeler erkannt kënne ginn. Déi bekannste Protokoller op dëser Schicht, déi sech dëser Aufgab unhuele sinn Ethernet, Token Ring oder FDDI.

[Änneren] Internetschicht

D'Internetschicht (engl: Internet Layer) ass fir Weidervermëttelung vun den Datepäck iwwer verschidden Netzwierker zoustänneg (Routing). D'Aufgab vun dëser Schicht ass et, fir zu engem empfaangene Pak dat nächst Tëschenzil ze ermëttelen a schliisslech de Pak dohi weiderzeleeden. Zu dësem Zweck muss een eendeitegt Adresséierungsschema genotzt ginn an all Noriicht mat enger Ziladress ergänzt ginn.

Dat zentralt Protokoll op dëser Schicht an iwwregens vum Internet ass d'Internet Protocol (IP), dat een onzouverlässegen a verbannungslosen Ausliwwerungsdéngscht parat stellt, dee just nom Best-Effort-Prinzip schafft a sech der Weiderleedungsaufgab unhëlt. E weidert Protokoll op dëser Schicht ass d'ICMP-Protokoll, wat sech em Feelermeldunge këmmert, déi bei der IP-Iwwerdroung optriede kënnen.

[Änneren] Transportschicht

D'Transportschicht (engl: Transport Layer) déngt an éischter Linn der Hirstellung vun enger Kommunikatiounsverbindung tëschent zwee Uwennungsprogrammer, déi sech op verschiddene Computere befannen.

Dat wichtegst Protokoll op dëser Schicht ass Transmission Control Protocol (TCP), dat fir eng zouverlässeg a bidirektional Kommunikatioun suergt, sou datt déi eenzel Datepäck feelerfräi an an der richteger Reiefolleg beim Destinataire ukomme kënnen. Eng aner Aufgab vun dësem Protokoll ass et fir wa méiglech Iwwerlaaschtsituatioune ze verhënneren.

E weidert net esou komplext Protokoll op dëser Schicht ass User Datagram Protocol (UDP), wat eng onzouverlässeg a verbanndungslos Kommunikatioun erméiglecht an domat een héichen Datenduerchsaz garantéiert. Allerdéngs muss hei mat Dateverloschter a mat Problemer an der Reiefolleg vun den Datepäck gerechnet ginn.

[Änneren] Uwennungsschicht

D'Uwennungsschicht (engl: Application Layer) ëmfaasst all Protokoller, déi mat engem Uwennungsprogramm zesummeschaffen an Netzwierkinfrastruktur fir den Austausch vun den Daten notzen. Grondsätzlech Aufgab vun dëser Schicht läit also an der Bereetstellung vun enger Schnëttstell zu den eegentlechen Uwennungsprogrammer, déi iwwert Netz kommunizéiere wëllen. D'Uwennungen usech gehéieren awer net zu der Schicht an och net zum Stapel. Zu dëser Schicht gehéieren e ganze Koup vu Protokoller, wéi zum Beispill:

  • Domain Name Service (DNS) - Ëmsetzung tëschent Domainnimm an IP-Adressen
  • Hypertext Transfer Protocol (HTTP) - Ufuederung an Iwwerdroung vu Websäiten
  • File Transfer Protocol (FTP) - Iwwerdroung vun Dateien
  • Simple Mail Transfer Protocol (SMTP) - Verschécke vun elektronesche Bréiwer
  • Post Office Protocol (POP3) - Opruff vun elektronesche Bréiwer
  • Telecommunications Network Protocol (Telnet) - Login op Computeren aus wäiter Distanz
  • Secure Shell (SSH) - Login op Computeren aus wäiter Distanz mat Verschlësselung

[Änneren] Literatur

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com