Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Simple Mail Transfer Protocol - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Simple Mail Transfer Protocol

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

SMTP am TCP/IP-Referenzmodell
Uwennungsschicht SMTP
Transportschicht TCP
Internetschicht IP
Netzzouganksschicht Ethernet Token
Ring
FDDI ...

De Simple Mail Transfer Protocol (kuerz SMTP) ass en Netzwierkprotokoll, deen zum Austausch vun elektronescher Post, méi genee zum Verschécken a schliisslech zum Weiderleede vun Emailen, genotzt gëtt. Fir Noriichten aus der elektronescher Bréifkëscht ofzehuelen, komme Protokoller wéi POP3 oder IMAP zum Asaz.

SMTP gouf 1982 eng éischte Kéier am RFC 821 standardiséiert an huet mëttlerweil eng ganz Rei vun Erweiderunge matgemaach.

Den SMTP-Protokoll, deen dem Benotzer duerch säi Mailprogramm, dem sougenannte Mail User Agent (MUA), verstoppt bleift, baut am TCP/IP-Referenzmodell op dem zouverlässegem Transmission Control Protocol op a läit soumat op der véierter Schicht vun dësem Modell. Well de relativ einfachen, textbaséierte Protokoll Noriichten am ASCII-Kode (7-Bit) Kloertext austauscht, fonktionnéiert en net fir binär Dateien z'iwwerdroen. Fir dëse Problem aus der Welt ze schafe si Standarte wéi MIME entwéckelt ginn.

[Änneren] Funktiounsweis

Fir eng Email-Noriicht ze verschécken, muss de Mail User Agent (Sender) fir d'éischt eng TCP-Verbindung iwwert den TCP-Port 25 zum Destinataire opbauen. Nodeems de Sender dës Verbindung opgebaut huet, operéiert hien als Client a waart bis datt den Empfänger (Server) mat der Kommunikatioun ufänkt. De Server start mat dem Sende vun enger Textzeil, déi seng Identitéit noweist a matdeelt, ob e bereet ass eng Noriicht z'emfänken. Klappt dëst net, brécht de Client d'Verbindung of a probéiert zu engem spéideren Zäitpunkt nach eng Kéier. Am anere Fall äntwert de Client mat enger HELO-Meldung mam Bewäis vu senger Identitéit. Schliisslech konfirméiert de Server, datt eng SMTP-Verbindung tëscht Client a Server besteet.

Server: 220 xyz.com SMTP READY FOR MAIL
Client: HELO abcd.com
Server: 250 xyz.com says HELO to abcd.com

De Client ka lo eng oder méi Noriichte verschécken oder d'Verbindung nees zoumaachen. Am Fall datt en eng Noriicht verschécke wëll, fänkt e mat enger Zeil déi seng Email-Adress beinhalt un an de Server quittéiert den Ëmfank. Doropshi schéckt de Client lo d'Email-Adress vum Destinataire. Wann den entspriechende Konto existéiert, signaliséiert de Server, datt e bereet ass d'Noriicht unzehuelen an drop s waart.

Client: MAIL FROM <123@abcd.com>
Server: 250 server ok
Client: RCPT TO <789@xyz.com>
Server: 250 server ok

De Client fänkt fir d'éischt mam Schlësselwuert DATA un an de Server quittéiert. Doropshi start de Client schliisslech mat der Iwwerdroung vum vollstännegen Noriichtentext, dee mat engem Punkt ophale muss. Schliisslech quittéiert de Server nees eng Kéier an d'Verbindung kann elo ofgeschloss ginn.

Client: DATA
Server: 354 Send mail; end with "."
Client: From: <123@abcd.com>
        To: <789@xyz.com>
        Subject: Testmail
        Date: Thu, 26 Oct 2006 13:10:50 +0200

        Testmail
        .
Server: 250 message accepted <message-id>
Client: QUIT
Server: 221 xyz.com closing connection

Well den SMTP-Protokoll en textbaséierte Protokoll ass, ka mat Hëllef vun telnet eng Email vun Hand verschéckt ginn. Heibäi sinn d'Sender- an Empfängeradress fräi wielbar an eng Authentifizéierung ass net méiglech. Aus deem Grond ass d'Zouverléissegkeet vun der Senderadress vun enger Email net garantéiert. Souguer kënnen d'Adresse sech am MAIL FROM- an RCPT TO-Kommando vun deenen am FROM:- an TO:-Mailheader ënnerscheeden.

[Änneren] Literatur

[Änneren] Kuckt och

  • Extended SMTP
Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com