Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Hypertext Transfer Protocol - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Hypertext Transfer Protocol

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

HTTP am TCP/IP-Referenzmodell
Uwennungsschicht HTTP
Transportschicht TCP
Internetschicht IP
Netzzouganksschicht Ethernet Token
Ring
FDDI ...

Den Hypertext Transfer Protocol (kuerz HTTP) ass en Netzwierkprotokoll, deen zur Iwwerdroung vun Daten, besonnesch zum Luede vu Websäiten aus dem World Wide Web, genotzt gëtt. An anere Wierder regelt dëse Protokoll d'Kommunikatioun tëscht dem WWW-Client an dem WWW-Server.

De Protokoll gouf ufanks den 1990er Joere vum Tim Berners-Lee am Kärfuerschungsinstitut CERN zesumme mat der URL an HTML entwéckelt, woumat de World Wide Web gebuer war.

Den HTTP-Protokoll, mat deem de Benotzer selwer net a Kontakt kënnt, baut am TCP/IP-Referenzmodell op dem zouverlässegem Transmission Control Protocol op a läit soumat op der véierter Schicht vun dësem Modell. HTTP ass en einfachen, séieren awer zoustandslose Protokoll, deen nom Request/Response Prinzip operéiert.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Funktiounsweis

En HTTP-Client, wéi typescherweis de Webbrowser, lancéiert ëmmer d'Kommunikatioun. Wann op enger Websäit de Link zu der URL http://lb.wikipedia.org/beispill.html aktivéiert gëtt, so gëtt un dee Computer mam Numm lb.wikipedia.org eng Ufro (Request) geschéckt an opgefuerdert d'Datei beispill.html zréckzeschécken. Dobäi muss fir d'éischt den Numm lb.wikipedia.org iwwert DNS-Protokoll an eng IP-Adress ëmgesat ginn. Ass dat geschitt, gëtt eng TCP-Connectioun zum Standard-Port 80 tëscht dem Browser an dem Server établéiert an d'Ufro a Form vun enger HTTP-Ufro un de Server gestalt. De Server sengersäits lauschtert iwwert säi Port 80, datt ee Client him eng Ufro zouschéckt.

Beispill-Ufro:

GET /beispill.html HTTP/1.1
Host: lb.wikipedia.org

Zousätzlech Informatiounen, wéi zum Beispill iwwert de Browser oder zur gewënschter Sprooch, kënnen iwwert Request-Headeren iwwerdroe ginn. Soubal de Client seng Ufro lancéiert huet, schéckt de Webserver sengersäits eng HTTP-Äntwert (Response) zréck. Dës start mat der Versiounsnummer vum Protokoll a besteet aus den Header-Informatiounen vum Server, enger eideler Zeil an dem Contenu vun der ugefuerderter Datei, respektiv mat enger Feelermeldung, wann d'Datei net um Server fonnt ka ginn oder wann de Benotzer net autoriséiert ass drop zouzegräifen.

Beispill-Äntwert:

HTTP/1.1 200 OK
Server: Apache/1.3.29 (Unix) PHP/4.3.4
Content-Length: (Gréisst vu beispill.html a Byte)
Content-Language: de
Content-Type: text/html
Connection: close

(Contenu vu beispill.html)

An der Praxis ass dacks nach ee Proxy-Server tësche geschalt, wat déi ganz Kommunikatioun méi komplizéiert mécht. Ee Proxy-Server ass en Tëschespäicher (Cache), fir den Original-Server ze entlaaschten a spillt vis-à-vis vum Client de Server, vis-à-vis vum Server awer de Client.

[Änneren] Protokollversiounen

  • HTTP/0.9 ass tëscht 1989 an 1990 entwéckelt ginn a war déi éischt Versioun vum Protokoll. Dës Versioun huet nëmmen d'GET-Methode ënnerstëtzt, déi just streng limitéiert Informatiounen un de Server schécke konnt.
  • HTTP/1.0 (RFC 1945) war déi éischt ausgeräifte Versioun aus dem Joer 1992, déi ënnert anerem Feelermeldungen iwwerdroe konnt. Nieft der GET-Methode, ënnerstëtzt dës Versioun och d'POST-Methode, sou datt Informatiounen aus engem HTML-Formular a Form vun engem Dateblock un de Server geschéckt kënne ginn. HTTP/1.0 ënnerscheet bei Dokumenter tëscht verschiddene Medientypen a kann esou net nëmmen einfach Text-Dokumenter ausliwweren. Mat Hëllef vun engem einfachen Authentifikationsmechanismus kënne Ressource virum onberechtegem Zougrëff geschützt ginn.
  • HTTP/1.1 (RFC 2068; RFC 2616) ass déi aktuell Versioun vun 1997. Si erlaabt persistent Verbindungen, sou datt net ëmmer eng nei TCP-Verbindung fir eng Ufro muss opgebaut ginn. Zousätzlech ënnerstetzt HTTP/1.1 eng Rëtsch vu weidere Request-Methoden, souwéi d'Iwwerdroe vun Dokumentfragmenten. Mat Hëllef vun der Content Negotiation kann de Server Ressource mat gläicher URL a verschiddene Varianten dem Client bereetstellen. Sou kann de Browser zum Beispill d'Informatioun direkt an der gewënschter Sprooch ausgeliwwert kréien. HTTP/1.1 stellt eng verbessert Authentifizéierung bereet, woubäi den Numm an d'Passwuert net méi am Kloertext iwwerdroe ginn.

[Änneren] Cookies

Beim zoustandslosem HTTP-Protokoll ass d'Verbindung tëscht den zwee Kommunikatiounpartneren no enger erfollegräicher Dateniwwerdroung ofgeschloss. An anere Wierder ass all Interaktioun onofhängeg vun der vireschter Aktioun a kann déi nächst Interaktiounen net beaflossen. Dës Virgoensweis stellt awer zum Beispill beim E-Commerce Problemer duer. Wéi soll de Server sech mierken, wat ee Benotzer alles a sengem Weenchen huet?

Mat Cookies soll dëse Problem aus der Welt geschaaft ginn. Cookies ginn dem zoustandslosem HTTP-Protokoll d'Méiglechkeet, Informatiounen, déi de Client vum Server geliwwert kritt, a Form vu klengen Dateien op der Clientsäit ze späicheren an dës Informatiounen an enger spéiderer Ufro un de Server nees ze iwwerginn. Esou kann eng logesch zesummenhängend Sëtzung iwwer verschidde physikalesch Verbindungen opgebaut ginn.

[Änneren] Literatur

[Änneren] Kuckt och

  • HTTPS
Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com