Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Sydney - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Sydney

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

An dësem Artikel geet et iwwer Sydney an Australien. Fir aner Stied mam Numm Sydney, kuckt w.e.g. Sydney (Homonymie).



Sydney
D'Opernhaus vu Sydney
Bundesstaat New South Wales
Administratioun Sydney City Council
Fläch 1.664 km²
Awunner 3.774.894 (2005)
Bevëlkerungsdicht 2.269 Awunner/km²
Stadglidderung 38 Gemengen
Staddeeler /
Geographesch Lag 33° 57' S, 151° 12' O
Stied - Bundesstaten

Sydney ass eng lieweg, multikulturell Metropol an Haaptstad vum eelsten australesche Staat New South Wales. Si gëllt als eng vun de schéinste Stied ob der Welt.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Geschicht

Bis virun ongeféier 40.000 Joer gouf dat heitegt Stadgebit vun den Aboriginies bewunnt. Den 26. Januar 1788, och Australia Day genannt, ass déi éischt wäiss Siedlung am Port Jackson Bay gegrënnt ginn. De Captain Arthur Phillip huet 800 Prisonéier aus England do vu Bord gelooss. Si war also fir d'éischt eng Strofkolonie. Méi spéit gouf d'Stad zum Mëttelpunkt vun der Kultur an der Wiertschaft vun Australien. D'Expansioun gouf gréisstendeels vun europäeschen duerno vun asiateschen Immigrante gedroen. The Rocks ass den Ursprong an d'Häerz vu Sydney.

[Änneren] Geographie

Sydney an Australien
Vergréisseren
Sydney an Australien

Sydney zitt sech iwwer 100 km laanscht Küst, 70 km an d'Banneland an am Duerchschnëtt dräi Meter iwwert dem Mieresspigel. Dem Port Jackson, den natierlechen Hafe vu Sydney, säin Haaptaarm huet eng Fläch vu 55 km² an ass 19 km laang. Vun him ginn nach eng sëllechen aner Mieresäerm aus, wéi zum Beispill de Middle Harbour. D'Metropolregioun geet vum Hawkesbury River am Norde bis zur Botany Bay am Süden a vun de Blue Mountains am Weste bis zum Pazifeschen Ozean am Osten. Zu Sydney huet een och iwwer 70 verschidde Plagen, dorënner déi weltbekannten a vu Surfer beléifte Plagen Bondi Beach a Manly Beach.


[Änneren] Bevëlkerung

Knapp 4 Millioune Leit wunnen a 450 Viruertschaften. Hei lieft all 5ten Australier. D'Awunnerzuel vu Sydney huet sech vun 1,9 Milliounen am Joer 1954 bis haut verduebelt.


[Änneren] Klima

Sydney huet e gemäessegt Klima. Am Summer ass et sonneg a waarm, am Wanter reenereg a kill. Duerchschnëttlech Joerestemperatur leit bei 17,9 Grad Celsius. Di wäermste Méint si Januar a Februar an de keelste Mount ass de Juli. Dee meeschte Reen fält am Mäerz, dee mannsten am Juli. Sydney huet 6,8 Sonnestonnen pro Dag an 138 Reendeeg am Joer.

Sydney vum Satellit aus
Vergréisseren
Sydney vum Satellit aus


[Änneren] Economie an Infrastruktur

Sydney ass e grousst Industrie-, Handels-, Finanz- an Transportzentrum. Dee gréissten Deel vum australeschen Aussenhandel gëtt iwwert Sydney ofgewéckelt. Produzéiert gi virun allem Autoen, elektresch Geräter, Maschinnen, Metallprodukter, Iesswueren, Petrolsprodukter an Textiller. Déi wichtegst Exportwuere si Fleesch, Weess a Woll. De Fluchhafe vu Sydney ass dee gréissten an Australien an immens wichteg fir den internationale Loftverkéier.

[Änneren] Kultur a Kuckeswäertes

  • Aquarium mam neie Barrier-Reef-Basséng
  • Circular Quay: ass d'Zentralstatioun vu Bus, Bunn a Fähren.
  • Darling Harbour: ass den Zentrum vum Ënnerhaalungsquartier.
Harbour Bridge an Opera House
Vergréisseren
Harbour Bridge an Opera House
D'Opernhaus zu Sydney
Vergréisseren
D'Opernhaus zu Sydney
  • Harbour Bridge: ass eng vun deene längste Boubrécken op der Welt an huet eng Spannweit vu 495,6 m. Et kann een och mat enger Féierung iwwert de Stolbou eropklammen oder am südëstleche Stempel, de Pylon Lookout, eng Ausstellung iwwert de Bau vun der Bréck kucke goen.(BridgeClimb)
  • Opera House: gëllt als Wouerzeechen vun Sydney an ass vum Jørn Utzon erbaut ginn.
  • The Rocks
  • Royal Botanic Garden: 30 ha grouss Parkanlag; fréier war d´Farm Cove den éischte Geméisgaart vun Australien
  • Taronga Zoo: gëllt als ee vun de schéinsten Déiereparke vun der Welt.
  • Australian Museum
  • Sydney Olympic Park
  • Sydney Tower: ass dat héichste Gebei vu Sydney an ass 305 Meter héich.
  • Blue Mountains

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Den Hafe vu Sydney
Vergréisseren
Den Hafe vu Sydney
Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com