Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Sprangprëssessioun - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Sprangprëssessioun

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

D' Iechternacher Sprangprëssessioun ass e reliéise Cortège, deen all Joers op Päischtdënschden zu Iechternach ofgehale gëtt. Op eng Zort Polkamelodie sprangen d'Participanten a Reien, duerch d'Stroosse vun der Stad an dann an d'Basilika, bei d'Graf vum Hellege Willibrord.

( Lauschtert d'Melodie)

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Geschichtleches

Déi heiteg Form vun der Sprangprëssessioun geet an d'19. Joerhonnert zeréck. Mee Temoignage loossen hir Entstéiung bis an d'Spéitmëttelalter zeréckvervollegen.

Déi eelste Quell ass déi vum Abbé Thiofrid († 1110), dee vun enger Pilgerprëssessioun bei d'Graf vum Willibrord geschriwwen huet. Et goung doranner awer keng Rieds vun engem Danz. Am Mëttelalter goufen déi Gemengen, déi vun der Iechternacher Abtei ofhängeg woren, dozou forcéiert, an der Päischtwoch hiren Undeel fir d'Kierch ofzeginn. Dëst huet sech Bannprëssessioun genannt. 1497 goufen an engem Justiztext "Helleger, déi danzen" ernimmt. Déi éischt bildlech Representatioun vun der Sprangprëssessioun geet zeréck op d'Joer 1604.

Wéi et zum Danzen oder Sprange koum, ass net ganz kloer: De Willibrord, wéi och de Jang den Deefer an de Väit (Vitus), waren Helleger, déi bei Nervekrankheete, Krämp oder Epilepsie ugeruff goufen. Ausdréck wéi "Wilwertskränkt", "Iechternacher Krankheet" oder och nach "Krankheet vum Hellege Jang" goufen dacks mat der Sprangprëssessioun a Verbindung bruecht. Et ass dofir unzehuelen, datt Kranker, wéi z.B. Spastiker, an der Prëssessioun matgefouert goufen, oder awer d'Leit an der Prëssessioun sech esou bewegt hunn, fir dës Krankheeten net ze kréien. Eng aner Theorie seet, datt d'Sprangprëssessioun sech aus enger "ziviliséierter" Form vun de Gäisselprëssessiounen entwéckelt huet, déi besonnesch am 14. Joerhonnert als "Mëttel" géint d'Pescht verbreet waren.

Am 18. Joerhonnert, dem Joerhonnert vun der Opklärung, gouf dat Gesprangs souwuel vu weltlecher wéi vu kierchlecher Säit ëmmer méi kritiséiert. Déi eng hunn et als Ausdrock vun Obskurantismus gesinn, déi aner hunn d'"Entgleisunge" bedauert, wann d'Leit zevill exitéiert goufen. Sou huet den Tréierer Bëschof 1777 d'Sprangprëssessioun verbueden, well se "net vernünfteg" wier. Och de Jousef II. huet 1786 all Prëssessioune verbidde gelooss, huet dat Verbuet awer geschwënn dono nees ophiewe gelooss, wahrscheinlech, well souwisou kee sech dru gehalen huet. Dat Hin an Hier gung virun : d'Franséisch Revolutioun huet se verbueden, de Napoléon huet se 1801 erëm erlaabt. D'Fraen hunn d'Recht kritt, matzemaachen.

1825 huet de Wëllem I. decretéiert, d'Sprangprëssessioun vum Päischtdënschden op Päischtsonnden ze réckelen, fir esou keen Aarbechtsdag ze verléieren. E schéngt domatter kee Succès gehat ze hunn, well 1830 gouf deen Decret nees opgehuewen. Déi eenzeg Period an der neierer Geschicht, wou d'Sprangprëssessioun net ofgehale gouf, war an der Nazi-Okkupatiounszäit 1940-1944.

[Änneren] D'Sprangprëssessioun haut

Hautdesdaags gëtt se vum Willibrordus-Bauveräin organiséiert, deen och d'Reiefolleg vun de Pilger- a Museksgruppen, de Parcours, asw. festleet.

Den Danzschrëtt ass néierens festgeschriwwen. Deen éischte Film-Temoignage weist, datt am Ufank vum 20. Joerhonnert d'Leit e puer Schréck no vir, dann nees zeréck gespronge sinn. Dacks waren dat dräi Schrëtt no vir an zwéin no hannen. Dës Regelung, déi ëmmer erëm fir Chaos gesuergt huet, a wahrscheinlech net historesch ass, gouf 1947 definitiv ofgeschaaft. Zënterhier spréngt ee vum rietsen ob dee lénksen Fouss, heiansdo, andeems een d'Been schwéngt.

Opgestallt gëtt sech am Abteishaff a Reien zu 5, an deenen jiddereen sech u sengem Noper mat engem wäissen Nuesschnappeg unhält. Wäisst Hiem/T-Shirt an donkel Box sin déi gefuerdert Tenue. Gespronge gëtt am Rhythmus vun enger traditioneller Polkas-Weis. Si gouf am Ufank vum 20. Joerhonnert als Partitur festgehalen, huet awer scho virdrun existéiert.

D'Motivatioun, bei der Sprangprëssessioun matzeman, ass haut esouwuel eng reliéis, wéi och aus Traditiouns-Bewosstsinn: fir vill Eechternoacher Schüler aus dem Iechternacher Kolléisch ass et z.B. nach ëmmer eppes ganz Besonnesches, do matzesprangen. Allerdéngs ass ëm eng Auer - de Lycée huet eng vun de Gruppen déi am spéidsten ukommen, - nach laang net Schluss: Aus de Caféën uechter ganz Iechternach héiert ee bis an déi spéit Owesstonnen déi traditionell Weis; Schüler, Proffen, Ancienën an Awunner huldegen hirer Tradtioun.

An der Literatur ernimmt gouf d'Iechternacher Sprangprëssessioun ë.a. beim Guillaume Appolinaire a Clara Viebig (Das Kreuz im Venn, Berlin 1908).

[Änneren] Literatur zum Thema

  • Langini, Alex, La Procession dansante d’Echternach: Son origine et son histoire, Echternach, SIT, 1977.
  • Wilhelm, Frank, "Mysteriös, einmalig und bunt", in : Voilà Luxembourg Nr. 4 (April 1992), S.90-101.
  • Krack, Paul, Relicts of dancing mania: The dancing procession of Echternach in: Neurology, Dec 1999; 53: 2169.

[Änneren] Filmer an Dokumentarfilmer

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Aner Sproochen
Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com