Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Service d'Aide Médicale Urgente - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Service d'Aide Médicale Urgente

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

SAMU BMW X5
Vergréisseren
SAMU BMW X5
Samu mat Material
Vergréisseren
Samu mat Material

De Service d'Aide Médicale Urgente, kuerz SAMU, gëtt et zu Lëtzebuerg zënter 1989 a Kooperatioun mam Ministère de la Santé an der Protection Civile.

De SAMU kënnt entweder geflunn oder gefuer. Dobäi ass de SAMU net eng Persoun, et sinn der opmannst dräi. Als éischt ass e Fachdokter fir Anästhesie, dann en Infirmier an e Pilot oder en Chauffeur, ofhängeg vum Gefier.

De SAMU gëtt entweder geruff vun der Equipe vun enger Ambulanz oder direkt vum 112 matgeschéckt, wann deen zoustännegen Operateur bei der Meldung um Telefon eraushéiert, datt déi Persoun an Nout medezinesch Betreiung bräicht.

[Änneren] SAMU um Buedem

De SAMU op véier Rieder erkennt een un dem opfällege BMW X5 mat der Opschrëft SAMU. Dëst Gefier nennt een NEF, en Notarzteinsatzfahrzeug. Fréier wor de SAMU mat Volvo V70 ënnerwee, virdru mat BMW 525, an nach virdru mat Audi. Dobäi kann ee mat deenen Autoe keng Patienten transportéiren, si déngen nëmmen dem Transport vu medezineschem Material an dem Personal. D'SAMU-Autoe sinn an der Stad, zu Esch-Uelzecht an zu Ettelbréck an deene Spideeler déi Déngscht hu stationnéiert.

Ausgerüst sinn d'BMW X5 SAMU NEF mat folgendem Material:

  • Beotmungsapparat Dräger 3000
  • Noutfallrucksak mat Intubatiounsgeschier a weiderem
  • Kapnometer
  • Medikamenter
  • Perfusiounen
  • Waliss fir Pädiatresch a Chirurgesch Noutfäll
  • Funk
  • GPS
  • GSM

[Änneren] SAMU aus der Loft

D'Luxembourg Air Rescue stellt fir de SAMU véier Helikopteren. Si fléie vu Sonnenopgank bis Sonnenënnergank. Am Dag si si stationéiert zu Ettelbréck an an der Stad. All Fleck am Land kann esou theoretesch a manner wéi 8 Minutten erreecht ginn. Am Asaz si véier Helikoptere vum Typ McDonnell Douglas 900 Explorer. Dësen Typ vun Helikopter huet deen extrem grousse Virdeel, datt hannen net wéi üblech en Heckrotor sëtzt, mee eng Düüs. De Virdeel dora läit, datt wann ee mam Heck en Objet (zum Beispill eng Mauer) touchéiert, den Helikopter am Optimalfall manner Schued hellt wéi mat engem klasseschen Heckrotor. Am Helikopter selwer sinn op klengstem Raum EKG, Defi, Beotmungsapparat a Medikamenter verstaut. D'Helikopteren verfügen ausserdeem deelweis iwwert eng Seelwann déi dann zum Asaz kënnt, wann de Pilot keng Méiglechkeet gesäit ze landen. D'Helikoptere fléien awer net nëmme Primärasätz, dat heescht Rettungsasätz, mee och Sekundärasätz wéi Verleeungen, Transporter an sou weider.

Den Helikopter bei engem Asaz
Vergréisseren
Den Helikopter bei engem Asaz
Déi 2 Helikopteren um Findel
Vergréisseren
Déi 2 Helikopteren um Findel
Aner Sproochen
Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com