Robert Goebbels
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Robert Goebbels (*3. Abrëll 1944 an der Stad) ass e lëtzebuergesche Politiker.
No sénger Ausbildung schafft de Robert Goebbels als Journalist an ass vun 1972 bis 1974 President vun der Association luxembourgeoise des journalistes (ALJ). 1970 – 1975 ass hie Generolsekretär vun der Lëtzebuerger Sozialistescher Aarbechterpartei (LSAP).
Tëschent 1976 a 1984 an dann erëm vun 2000 un ass de Robert Goebbels am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg.
1984 gëtt hie Staatssekretär fir Aussebezéiungen a Staatssekretär fir Wirtschaft a Mëttelstand an der Regierung Santer-Poos I.
1989, an der Regierung Santer-Poos II gëtt hie Minister fier Economie, Transport an ëffentlech Bauten, an 1994, an och, vun 1995 un, an der Regierung Juncker-Poos, Minister fir ëffentlech Bauten an Energie.
Bei de Wahle vun 1999 gëtt de Robert Goebbels als Deputéierten an d’Europäescht Parlament gewielt. Do ass hie Vizepresident vum der Partei vun den Europäesche Sozialisten a këmmert sech virun allem em wirtschaftlech a Finanz-Dossierën.
Am Juni 2004 gëtt en erëmgewielt.
De Robert Goebbels huet seng eegen Talk-Show, déi op DOK TV diffuséiert gëtt.
[Änneren] Um Spaweck
- Robert Goebbels Talkshow op Google Video