Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Prometheus - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Prometheus

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

De Prometheus (gr. "deen am Viraus denkt") ass an der griichescher Mythologie ee vun den Titanen, Jong vum Iapetos an der Klymene a Brudder vum Epimetheus, vum Atlas a vum Menoitios.

[Änneren] Mythos

 Den Hephaistos kett de Prometheus unn, Dirck van Baburen, 1623, Rijksmuseum Amsterdam
Vergréisseren
Den Hephaistos kett de Prometheus unn, Dirck van Baburen, 1623, Rijksmuseum Amsterdam

De Prometheus gëtt als eng Persoun déi guddes mecht, e Kulturbrénger, als een deen der Mënschheet hëlleft ugesinn. Et war hien deen aus engem Stéck Toun deen éischte Mënsch geformt huet an d'Athene déi him Liewen agehaucht huet. No a no huet d'Äerd sech du mat Mënsche bevëlkert, mee si ware naiv, hu vun näischt eppes kannt a wousste mat näischt eppes unzefänken

Dunn ass de Prometheus opgetrueden an huet si héieren a kucke geléiert, huet hinne gewise wéi een den Dag nom Laf vun de Stären andeelt an d'Joer no de Saisonen. Duerno huet en hinne bäibruecht d'Déieren ze domestizéieren, mat Steng, Zillen an Holz ze schaffen, Häiser ze bauen a Schëffer an huet si an der Navigatioun ënnerriicht. Dat eenzegt wat de Mënschen duerno nach gefeelt huet war d'Feier.

D'Gëtter, virun allem den Zeus hu vun de Mënschen d'Unerkennung vun hierer Herrschaft verlaangt an datt si se sollte veréiere fir de Schutz deen d'Gëtter hinne gewieren. D'Mënsche waren domatt averstan an hunn de Prometheus geschéckt fir mat de Gëtter ze verhandelen, mee deen huet versicht den Zeus eranzeleeën. En huet e Stéier erluecht an 2 Kéip gemaach, ee groussen mat de Schanken a mam Fett, an ee méi klengen mam gudde Fleesch an den Ënnereien, déi 2 Kéip jeweils matt der Haut vum Stéier agewéckelt. Dunn huet en den Zeus wiele gedoen. Deen huet dem Prometheus seng Lëst zwar duerchkuckt, mee sech näischt umierke gelooss a sech fir dee grousse Pak entscheed. Dës Täuschung huet den Zeus dunn als Uersaach geholl fir dem Prometheus d'Feier ze verwieren. Dee wousst sech awer ze hëllefen an huet e risegen Hallem geholl deen en dunn um Helios sengem Won entzünd huet. Sou huet hien de Mënschen d'Feier bruecht.

Den Zeus awer wollt sech fir seng Dod rächen an huet den Hephaistos ugestallt eng wonnerschéi Jongfra ze schafen déi da vun alle Gëtter mat fatalen Donen beschenkt ginn ass: d'Pandora. Si huet sech vun de Mënsche bewonnere gelooss, an den Epimetheus huet trotz der Warnung vu sengem Brudder, hiert Geschenk, eng Béchs, entgéintgeholl. Wou se den Deckel opgemaach hunn, hunn sech all Krankheeten, all Iwwel a Péng aus der Béchs verflüchtegt an sech iwwert all Mënschen op der Äerd verbreet. Just eng gutt Eegeschaft war an der Béchs: d'Hoffnung, mee d'Pandora huet den Deckel dropgemaach ier si konnt entweechen.

Den Zeus war ëmmer nach net zefridden: de Prometheus selwer sollt och nach gestrooft ginn. Vum Hephaistos ass hien un e Fiels am Kaukasus am Stoën ugekett ginn, et krut näischt z'iessen an ze drénken an all Dag huet en Adler him e Stéck vun der Liewer eraus gepickt huet, déi awer ëmmer erëm nogewuess ass. Vill Jorhonnerte sollt seng Qual daueren bis datt den Herakles den Adler ëmbruecht an de Prometheus befreit huet.

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com