Paläographie
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Begrëff Paläographie kënnt aus dem griichesche paleo (al) a graphein (schreiwen) a bedeit also wuertwiertlech iwwersaat déi al Manéier ze schreiwen. D'Paläographie zielt zu den Hëllefswëssenschafte vun der Geschicht.
D'Paläographie ass d' Wëssenschaft, deeër hirt Zil et ass, al Schrëften z'entzifferen an dës al Schrëften z'analyséieren an d'historesch Entwëcklung vun der Schrëft ze studéieren.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Interêt vun der Paläographie
D'Paläographie beschäftegt sech mat zwéin Typë vu geschriwwene Quellen. OpP der enger Säit interesséiert si sech fir déi ëffentlech an déi privat Dokumenter, meeschtens juristescher, déi an den Archiven versuergt sinn, an op der anerer Säit mat alle geschriwwenen Texter vun engem Auteur déi een an de Bibliothéike fënnt.
[Änneren] Entzifferung
Well al Texter en anere Graphismus (Form vun de Buschtawen) hu wéi eisen, ass d'Entzifferung net ëmmer evident. Villes hänkt och vum Auteur selwer of.
Ausserdem benotzen d'Auteuren an d'Kopisten dacks Ofkierzungen, engersäits fir Plaz ze spueren well de Pabeier net grad bëlleg ass, an anerersäits och fir datt et méi séier geet.
Vun enger kloerer Punktuation kann een am Mëttelalter net schwetzen, wann emol e Punktuatiounszeechen an engem Text war, sou war dat fir een Auteur valabel, mee nach laang net fir se all.
[Änneren] Datéierung
Den Auteur huet net unbedingt ëmmer säi Numm an den Datum iwwert den Text geschriwwen. Fir den Datum erauszefannen, muss een sech d'Schrëft genee ukucken, déi am Laf vun de Joerhonnerte variéiert huet. Dës Entwécklung vun der Schrëft ass och eng Entwert op d'sozial Entwécklung.
[Änneren] Literatur zum Thema
[Änneren] Mëttelalterlech Paläographie
- STIENNON Jacques, Paléographie du Moyen Age.