Oxymoron
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
En Oxymoron (gr.: oxys - "schoarf(sënneg)", moros - "domm") ass eng rhetoresch Figur, bäi deer zwou géigesätzlech Realitéiten an enger Formuléirung zesummegefaast ginn, déi esou e Widersproch a sech duerstellt. Wat d'Oxymoron vum Paradoxon an anere Géigesätz ënnerscheet, ass datt et bewosst gebraucht gëtt fir e rhetoreschen Effet ze erzilen an datt de Géigesaz just op den éischte Bléck existéiert, well d'Zesummesetze vun de Wierder en neit Poesie- oder Expressiounskonzept duerstellt.
Beispiller: de ronnen Eck, e klengt Riserad.
Verbreet ass och d'Aart a Weis fir eng Expressioun als Oxymoron ze consideréieren, déi vu sech aus guer net versicht een ze sinn, z.B. US-amerikanesch Kultur, Fraelogik.
De Géigendeel vum Oxymoron ass de Pleonasmus.