Nic Weber
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Nic Weber, de 6. Juni 1926 zu Bruechtebaach gebuer, ass e lëtzebuergesche Journalist, Publizist a Schrëftsteller.
[Änneren] Kandheet a Jugend
Den Nic Weber ass an enger Famill mat véier Kanner opgewues. No de Kannerjoeren a sengem Heemechtsduerf ass hien an den Iechternacher Kolléisch gaangen.
..Hier lernte ich lernen, Bücher gerne haben; hier traf ich gute Menschen, die unmerklich erzogen, ohne Verzieher oder Vorgesetzte zu sein. Professoren, wie sie nur hier - kleinbürgerlich bisweilen, großmenschlich immer - zu leben wußten.
Duerno koum de Krich. Den Nic Weber koum nom Studentestreik vun 1942 op Stahleck, bei d'Flak op Esch-Uelzecht an dann erëm a säin Duerf, dat an der Ardennenoffensiv vill ze leiden hat.
[Änneren] D'Paräiser Joeren
Vu 1947 bis 1953 war de Nic Weber zu Paräis fir aalt Däitsch an aalt Englesch ze studéieren. No der Sorbonne, der Haute Ecole de Journalisme, der Ecole supérieure des Affaires Sociales, Etudes Internationales koum d' École du Louvre. 1950 koum hie bei d'United Press als Redakter.
1951 huet en sech mat der Miep H. E. Roselle bestued an 1953 war en nees zu Lëtzebuerg.
[Änneren] De laange Wee duerch de Lëtzebuerger Journalismus
No enger Zäit an der Revue war en e puer Joeren am Tageblatt an esou ganz niewebäi am Journalisteverband als Sekretär a Caissier, dann Vizepresident a President.
[Änneren] RTL
1959 huet de Nic Weber bei RTL ugefaang. Als Pionéier huet hien mat e puer Mataarbechter aus der klenger Alibi-Stonn e volle Programm entwéckelt a geschwënn war hie Chefredakter vum "UKW".