Naturschutzgebitt Haard-Hesselsbierg-Staebierg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Haard-Hesselsbierg-Staebierg ass en Naturschutzgebitt an de Gemengen Diddeleng, Keel a Rëmeleng. An a rondrëm engem fréierem Äerzofbaugebitt erstreckt sech eng ofwiesselungsräich Géigend aus Bësch, oppener Landschaft a géie Wänn, wouvun zirka 590 ha zënter 1994 ënner Naturschutz stinn. Haard-Hesselsbierg-Staebierg gëllt als dat gréisst Naturschutzgebitt vu Lëtzebuerg.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Entsteeung a Sukzessioun
Déi heiteg Reserv befënnt sech an der Doggerlandschaft. D'Schichtstuf vum Dogger, déi hei aus den Etage vu Bajocium an Aalenium besteet an déi sech virun ongeféier 175 Millioune Joeren entwéckelt huet, bild de Laangebierg (Frankräich) a Richtung Norden an dréit bei Diddeleng no Westen a Richtung Esch of. Ënnert hir leien déi mëll Schichte vum mëttlere Lias. Hir ass de Gehaansbierg als Zeiebierg virgelagert. Op der Bajocium-Stuf, déi aus Kallekschichte besteet, stinn haut nach deelweis am Gebitt déi ursprénglech Kallekbichebëscher. D'Aalenium-Stuf setzt sech aus den eisenäerzhaltege Minette-Schichten zesummen, déi laang Zäit a Galerien an ënnert fräiem Himmel ofgebaut gi sinn.
Nom Stopp vun der Exploitatioun vun der Minette ënnert fräiem Himmel, huet de Mënsch tëscht de Kallekbichebëscher an der ursprénglecher Kulturlandschaft mat Felder a Wisen eng staark verännert Landschaft aus géie Fielswänn, Minièresagäng a Schlakentippen hannerlooss, déi sech an de leschte Joerzéngte selwer iwwerlooss goufen. No an no huet d'Natur, iwwer verschidde Vegetatiounsstadien (Sukzessioun), nees Besëtz vun der Landschaft ergraff. Vir d'éischt hu sech Algen, Pilzen, Mooser a Flechten op dem kalem, plakegem Steebuedem ofgesat. Op de Plaze wou sech bëssche Buedem usammele konnt, hu Pionéierwisen an Dréchewisen ugefaang sech auszedeenen. Charakteriséiert duerch Dréchenheet, Nährstoffaarmutt, Hellegkeet a Wäermt, stelle si och nëmmen eng kleng Etapp an der Evolutioun zum Bësch duer. Lues a lues besiedele wéinst hirem liichten a fluchfäegem Som Pionéiergetraisch ewéi d'Bierk (Betula pendula), déi mat hire Wuerzelsystemer d'Gestengs stabiliséieren an d'Erosioun limitéieren, dës Wisen. Hire Schiet verdreift déi typesch Wisevegetatioun, déi vill Luucht brauch, anersäits schafe si ideal Conditioune fir d'Geseems vun der leschter Evolutiounsetapp. Als Endstadium breet sech e Kallekbichebësch, deen ursprénglech Gebitt besiedelt huet a Schiet gär huet, aus.
Wéinst der grousser ökolgescher Bedeitung a der landschaftlecher Besonneschkeet si mam groussherzoglechem Reglement vum 30. Juli 1994 eng 594,34 ha als Naturschutzgebitt ausgewise ginn.
[Änneren] Ökologie
De Minetteofbau huet eng Partie nei a wäertvoll Liewensraim an der Reserv geschaf, aus deenen Déieren- a Planzewelt grousse Profit zitt. Um Bord vum Plateau Haard läit e Schlakentipp, wou fréier déi mam Humpen aus der Diddelenger Schmelz gekippte Schlak entsuergt gouf. De fréieren Tipp stellt haut e Refuge fir vill Aarten, déi d'Sonn an d'Wäermt appreciéieren, duer. Ënnert hinne fënnt een d'Bëschléierchen (Lullula arborea), de Broochschësser (Oenanthe oenanthe) oder d'Schlengelnatter Coronella austriaca. Grouss Ähnlechkeet hunn d'Pionéierwisen, déi e gënschtege Liewensraum fir vill Orchideeën schafen. Am Ganze sinn eng gutt 20 Orchideeënaarten an de Bëscher mat hiren dréchnen a kallekhaltege Biedem, op den Pionéier- an Hallefdréchewise festgestallt ginn. De Bocksbaart (Himantoglossum hircinum) an de Gehaangene Männchen (Aceras anthropophorum) gëllen zu de raren Zorten. De Bléieräichtum zitt eng 525 Grousspäiperlekszorten un, wouvun eng 243 op der Rouder Lëscht vu geschützte Päiperleken zu Lëtzebuerg stinn.
Dës Liewensraim riskéieren wéinst der Sukzessioun op laang Dauer ze verschwannen. Ginn dës oppe Flächen net regelméisseg ënnerhaal, sou verbusche se mat der Zäit a verdrängen déi rar Aarte vun den Dréchewisen. Fir keng Getraisch op kommen ze loosse, gi se zënter dem Hierscht 1999 vun engem wanderndem Schofstrapp (Moorschnucken), dee vun engem Hiert a sengen Hënn begleet gëtt, extensiv bewirtschaftet.
Déi géi Fielswänn si mat hirer Héicht a Längt eng eenzegaarteg a wäertvoll Ergänzung zu de wéinegen natierleche Fielsbiotopen aus dem Land. Si gëllen zu de längsten an impressionéierste Stäilwänn a ganz Europa. D'Vegetatioun un de Fielswänn ass charakteriséiert duerch konkurrenzschwaach Planzen, déi d'Sonn an d'Wäermt bevirzéien, u grouss Temperaturënnerscheeder an Nährstoffaarmutt ugepasst sinn. D'Bierk ass e Pionéiergetraisch, dat séier a Fielsspalte, nodeems sech bëssche Buedem ugesammelt huet, Fouss faasse konnt. Den Uhu (Bubo bubo) baut säin Nascht an d'Nische vun de Fielswänn, während am Summer Feieromes (Podarcis muralis), Bëschfeieromes (Lacerta agilis) an de Blannschlécher (Anguis fragilis) sech hei sonnen. D'Wëll Kaz (Felis sylvestris), déi gär grouss Bëschgebidder mat fielsaartege Beräicher appreciéiert, ass nieft dem Schwaarzspiecht (Dryocopus martius) an dem Dachs (Meles meles) e Bewunner vun de Kallekbichebëscher aus der Reserv.
[Änneren] Naturléierpad
Am Joer 1997 ass vum Ëmweltministère an der Forstverwaltung an Zesummenaarbecht mat de Gemengen Diddeleng, Keel a Rëmeleng een Natur-Kultur-Léierpad amenagéiert ginn. Dëse Pad bréngt dem Naturfrënd mat siwwenzéng verschiddenen thematesche Statiounen d'Schéinheeten, Besonneschkeete vun der Natur an d'Geschicht vum Gebitt méi no. De Léierpad deelt sech an eng 8,6 km laang "rout Schläif" an eng "blo Schläif" mat 5,8 km op, déi problemlos mat enee kombinéiert kënne ginn. Zu Diddeleng am Frankelach, bei der Carrière Cloos, zu Téiteng a Laangertegronn an zu Rëmeleng op Wuederten ass de Léierpad z'erreechen.
[Änneren] Referenzen
- Brochure: Naturschutzgebiet - réserve naturelle Haard-Hesselsbierg-Staebierg. Ëmweltministère - Forstverwaltung, 1999.
- Depliant: La gestion de zones protégées à l'aide d'un pâturage itinérant. Forstverwaltung, 2001.