Zeiebierg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Virun enger Schichtstuf kann een Zeiebierg erhale bleiwen, deen awer vun der Schichtstuf ofgetrennt ass. Dëst ass eng Kopp déi eventuell nach vun der haarder Schicht bedeckt ass.
Beispiller zu Lëtzebuerg:
- Gehaansbierg tëscht Diddeleng a Keel
- Zolwerknapp
- Kreckelsbierg bei Rued-Sir
Schichtstufen (och nach Cuesta genannt) fënnt een an engem Relief dee vun inklinéierte sedimentäre Schichte gebilt gëtt an an deem haart a mëll Gestengsschichten ofwiesselen, z.B. am Lëtzebuerger Guttland. Do ginn déi haart Schichte manner staark erodéiert ewéi déi mëll an dofir kënnt et vir datt déi haart en Ofsaz bilt an der Landschaft well se méi bestänneg war an och hire mëlle Sockel mat geschützt huet, wougéint déi mëll ënnen am Dall sinn.
Beispiller zu Lëtzebuerg: d'Schichtstuf vum Lëtzebuerger Sandstee gesäit ee gutt wann ee vun Nidderanwen an d'Stad fiert, de Senningerbierg geet d'Schichtstuf erop. Wann een op der Autobunn A3 no Süde fiert, gesäit een d'Schichtstuf vum Minette op deer d'Diddelenger RTL-Antenn steet.