Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Namibien - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Namibien

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.


Image:Qsicon Ueberarbeiten.png Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Bierglandschaft a Namibien
Vergréisseren
Bierglandschaft a Namibien
---Sidenote START---
Republic of Namibia
Republik Namibia
Fändel vu Namibien

Wahlsprooch: Unity, Liberty, Justice
engl., "Eenheet, Freiheet, Gerechtëgkeet"

Amtssprooch Englësch
Ëmgangssproochen Ovambo, Afrikaans, Däitsch anerer
Haaptstad Windhuk (engl./afrikaans: Windhoek)
Staatsform Republik
Präsident Hifikepunye Lucas Pohamba
Premierminister Nahas Angula
Fläch 824.292 km²
Awunnerzuel 1.954.033 (Stand Juli 2004)
Bevölkerungsdichtheet 2,4 Einwohner pro km²
Onofhängegkeet vu Südafrika de 21. März 1990
Währung Namibia-Dollar, (Rand)
Zäitzon UTC + 2 /Wanterzäit: + 1
Nationallidd Namibia, Land of the Brave
Kfz-Kennzeechen NAM
Internet-TLD .na
Vierwahl +264
Positioun vu Namibien an Afrika
Kaart vu Namibien

D'Republik Namibien, oder Namibia, wéi se och bezeechent gëtt, ass e Staat am südlechen Deel vun Afrika. De Numm vu dëser Republik ass vun der Wüst Namib ofgeleet, eng Wüst, déi sech iwwwert de ganze genannte Küstestreech vu Namibien erstreckt. De Nationalfeierdag ass den 21. März, den Dag wou Namibien seng Onofhängegkeet kritt huet (1990). D'Haaptstad vu Namibien ass Windhuk oder Windhoek.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Geographie

D'Gebitt iwwert dat Namibien sech erstreckt gëtt als eent vu den eelste vun der Äerdiwwerfläch betruecht. Laang nach ier de Superkontinent Gondwana entstaan ass, hu sech viru méi wéi zwou Milliarden Joeren um Gebitt vum jetztegen Afrika zwee Festlandsockelen gebild - de Kongo-Kraton an de Kalahari-Kraton. Dee lescht genannten ëmfasst grouss Deeler vu deem Land, wat mer haut Namibien nennen. Durch verschidden tektonesch Virgäng ass du virun ongeféier 550 Milliounen Joeren e risege, zusammenhängende Kontinent entstan, deen déi jetzteg Deel-Kontinenten Afrika, Südamerika, Australien, Indien an d'Antarktis abegraff huet: Gondwana.

Namibien läit tëschent 17° an 29° südlecher Breet an 12° bis 25° ëstlecher Längt. Namibien grenzt am Osten u Botswana, zur Säit vu der Kalahar-Wüst hinn am Süden u Südafrika. Mat senger westlecher Säit läit et um Atlantik an am Norden stéisst et un Angola.

Dat ganzt Staatsgebitt vu Namibien bedeckt eng Fläch vu ronn 824.000 km² und ass méi wéi zweemol sou grouss wéi Däitschland. Namibien, ass wann een vu der Namibwüst an vu der Kalahariwüst ofgesäit, een Héichland (duerchschnëttlech Héicht: 1.700 m). Den hëchste Bierg, de Brandberg, huet eng Héicht vu 2.600 m.

Opgrond vu senger geographescher Konfiguratioun a sengem Klima ass d'Notze vum Land schwiereg. Am drëchenen Süde gëtt d'Véizuucht praktizéiert, am Norde, wou et méi reent, gëtt och Akerbau bedriwwen. Di gréisste Stied sinn: Windhoek, Rundu, Walvis Bay, Oshakati a Swakopmund.

Kuckt och d'Lëscht vun de Stied an Namibien.

[Änneren] Bevëlkerung a Sproochen

Namibien huet am ganzen ronn 2 Milliounen Awunner (Stand 2005). Hier Zuel läit am Opwärtstrend. Wéi se sech an Zukukunft entwéckelt weess een awer net, well méi wéi 20% vu der Bevëlkerung mat AIDS infizéiert ass an doduerch déi duerschnëttlech Liewensdauer vu den Namibieer am Laf vu de Joeren 1980 - 2005 vu 58 op 38 Joer zereckgangen ass.

A Namibia sinn e puer ethnesch Gruppen usässeg. D'Ovambos, déi Bantu schwätzen, stellen ongeféier 50% vu der Bevëlkerung duer. Si liewen an den nördleche Regiounen.

Da gëtt vu verschidde Gruppen nach d'Khoisansprooch geschwat, an zwar vun den Nama (an der Regioun Karas), den Damara (an der Regioun Erongo) an de San (Buschläit: an der Regioun Omaheke).

Ënnert d'Bevëlkerung mat Indogermanesche Sproochen fallen: Farweger, Rehobother Baster, Afrikaaner (dat heescht d'Majoritéit vu den 75.000 "weissen" Awunner vu Namibien), Däitscher (ca. 13.000) a Portugiesen (ca. 5.000 am Norden vum Land).

An Namibia gi verschidde Sproochen geschwat: Englesch, Afrikaans, Däitsch, verschidde Bantu- a Khoisan-Sproochen ënnert anerem. All Sprooche sinn zwar unerkannt, mä Englesch ass aleng di offiziell Amtssprooch.

[Änneren] Relioun

D'Majoritéit vun der Bevëlkerung si Chrëschten (80-90%); déi meescht dervun bekennen sech zur evangelescher Kierch. Déi aner sinn Unhänger vun Naturreliounen.

[Änneren] Politesch Situatioun

[Änneren] Administrativ Andeelung

Namibien ass an 13 Regiounen agedeelt:

  1. Caprivi
  2. Erongo
  3. Hardap
  4. Karas
  5. Kavango
  6. Khomas
  7. Kunene
  8. Ohangwena
  9. Omaheke
  10. Omusati
  11. Oshana
  12. Oshikoto
  13. Otjozondjupa
Kaart vu Namibien mat den  nummeréierten Regiounen

[Änneren] Geschicht

[Änneren] Fréi Geschicht

Vun den Urawunner sinn der net vill iwwreg bliwwen
Vergréisseren
Vun den Urawunner sinn der net vill iwwreg bliwwen

Südwestafrika, dat heitegt Namibia, gouf, wéi ugeholl gëtt, virun 2.000 (bis 2.500) Joer duerch d'San bevëlkert. Si waren aus Zentral- oder Nordafrika zougewandert.
Während der afrikanescher Nord-Süd-Volleksrwanderung sinn am 17./18. Joerhonnert déi zu de Bantu zielenden Herrero aus dem Betschuanaland (haut Botswana) an Namibien agedrong. Dat waren Stämm, déi schonn Véizuucht bedriwwen hunn a vill méi eng evoluéiert Kultur haten. Spéider koumen och nach d'Nama (Hottentotten, genannt), déi aus der Kapprovënz koumen, derbäi. Déi nei Zouwanderer hunn dunn d'San no Norden a Richtung Kalahari-Wüst verdriwwen, wou se ausschléisslech vun de Friichten vun der Juegd gelieft hunn.

[Änneren] Kolonialzäit

E jongen Namibier am Wahlkampf
Vergréisseren
E jongen Namibier am Wahlkampf
UN-Truppen iwwerwaachen déi éischt fräi Wahlen
Vergréisseren
UN-Truppen iwwerwaachen déi éischt fräi Wahlen

Nodeem et dem däitschen Geschäftsmann Franz Adolf Eduard Lüderitz gelong war, durch Ofkommen mat einheimeschen Stammescheffen, sech grouss Landstrëcher zu eegen ze maachen ("Lüderitzbucht”), gouf d'Land vum Oranje bis zum Kunene 1884 zum Schutzgebitt Däitsch-Südwestafrika an duerno zur däitscher Kolonie erklärt. D'Noriicht vun märchenhaften Diamantenressourcen huet du vill Däitscher derzou bruecht, fir sech an der Lüderitzbucht néierzeloossen an och do an an der Ëmgéigend d'Land ze bebauen, wat den usässegen Herrero net besonnesch gefall huet.
De 12. Januar 1904 koum et dunn zu engem Opstand vun den Herrero.Hien gouf bluddeg néiergeschlo an huet zu grousse Verloschter op den zwou Säiten gefouert. Vun däitscher Säit ass du souguer d'Bemierkung gefall, d'Herrero-Vollek hätt praktesch opgehéiert ze bestoen.
Nom Herreo-Opstand koum et dunn och nach am Oktober 1904 am Süden vum Land zu engem Opstand vun de Nama, vu Stämm, déi ursprünlech nach op däitscher Säit gehollef haten, fir d'Herrerorebellioun néierzeschloen.
Zur Zäit vum Eéischte Weltkrich koum et och a Däïtsch-Südwestafrika zu Kampfhandlungen, an déi niwent den däitschen Truppen, och südafrikanesch Verbänn an Portugiesen aus Angola verwëckelt waren. Déi däitsch Truppen hunn de 9. Juli 1915 opginn, an dat war och d'Enn vu Däïtsch-Südwestafrika. Et gouf némme méi e Südwestafrika. Dat gouf dunn vun Südafrika besat a 1920 vum Vëlkerbond Südafrika als Mandatsgebitt zougesprach.

[Änneren] Um Wee zur Onofhängegkeet

D'Tatsach , dat Südafrika säin Afloss ze vill staark zum Ausdock bruecht huet, an och de Regime vun der Apartheid op Südwestafrika iwwerdro huet, war e zousätzleche Gronn, firwaat Südafrika nom Zweete Weltkrich ëmmer méi den internationalen Misskredit ze spieren krouch. D'Onofhängegkeetsbeweegung SWAPO, déi vun der Sowjetunioun finanzéiert an hapsächlech vun den Ovambo gedro gouf, huet sech ëmmer méi duerchgesat, a wéi doheem, den Südafrikaner duerch Guerillaaktiounen d'Liewen sauer gemeet. Schléisslech war Südafrika bereet, dat 1989 fräi Wahlen stattfannen sollten, fir d'Onfhängegkeet vum Land anzelauden.

[Änneren] D'Onofhängegkeet

Fen

Den 21. März 1990 huet Namibien, no méi wéi 100-jähreger friemer Herrschaft, seng Onofhängegkeet kritt. Fräi demokratesch Wahlen hate virdru stattfond. Dës Walen sinn an der ganzer Welt mat grousser Spannung verfollecht ginn. D'UN hat 1989, fir Onrouhen firzebauen an den demokrateschen Charakter vun de Wahlen sëcherzestellen, Zaldoten mat bloen Helmen dohi geschëckt. Och d'Europaparlament war duerch Observateuren an Namibien vertrueden. D'Wahlen sinn iewer relativ rouheg verlaf an d'SWAPO huet gewonn. Hiere Chef, de Sam Nujoma, krouch eng däitlech Majoritéit an stong während dräi Amtsperioden un der Spëtzt vum Land. Well hien opgrond vun der namibescher Verfassung nimmi 2004 konnt untreden, gouf den deemolegen Minister fir Landfroen, Hifikepunye Pohamba - och een Ovambo a Member vum SWAPO säi Nofolger D'Enteegnung vu de Farmer ass a munneche Fäll a wäissen Farmerkreesen kritiséiert gi, wëll se net Leit ouni Land, mee politeschen Funktionären ze gutt kéim oder well d'Entschiedegungen net der Realitéit entsprach hätten.

.

[Änneren] Economie

[Änneren] Literatur

[Änneren] Fotoalbum vun Namibien

[Änneren] Um Spaweck



Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com