Monsieur Warum
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Informatiounen zum Film
Nach kee Plakat do
Filmdaten | |
---|---|
Originaltitel: | Monsieur Warum Camillo Felgen |
Produktiounsland: | Lëtzebuerg |
Produktiounsjoer: | 2004 |
Dauer: | 75 Minutten |
Originalsprooch: | Lëtzebuergesch |
Equipe | |
Regie: | Andy Bausch |
Dréibuch: | Andy Bausch |
Kamera: | Klaus Peter Weber |
Musek: | (zousätzl.): Serge Tonnar |
Produzent: | Rattlesnake Picture Brigitte Kerger |
Haaptacteuren | |
- |
Monsieur Warum ass en Dokumentarfilm vum Andy Bausch iwwert dem Lëtzebuerger Sänger, Radios- an Televisiounsmoderator, Songschreiwer a Schauspiller Camille Felgen, genannt Camillo, säi Liewen.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Ëm wat geet et am Film?
De Film retracéiert dem Felgen säi Liewe chronologesch. E sëtzt sech zesummen aus laangen Interview-Zeene mam Camillo Felgen selwer, mee och mat Familljememberen a virmolegen Aarbechtskollegen. Tëschenduerch sinn eng hellewull Archivopnamen (Film an Toun) an Dokumenter (Fotoen, Placken, asw.) mat agebaut.
[Änneren] Soss
Den Titel bezitt sech op dem Camillo Felgen säi gréisste Succès, "Sag Warum?" aus dem Joer 1961, deen eleng a Frankräich 1,5 Millioun Mol verkaf gouf.