Luc Bonblet
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Luc Bonblet (* 10. Mee 1961 zu Watermael-Boitsfort (Bréissel), † 25. Januar 2006 bei engem Autosaccident) war e lëtzebuergesche Politiker.
De Geschäftsmann Luc Bonblet war zënter 1988 Member vum Rousperter Gemengerot. Vun 1988 bis 1993 war en Éischte Schäffen. Zënter 1993 war e Buergemeeschter vun der Gemeng Rouspert. Nodeem hien 1984 op der Lëscht Gremling vun den onofhängegen Sozialisten en éierbart Resultat erreecht hat, gouf hien 2004 zweeten am Bezierk Osten op der Lëscht vun der LSAP gewielt.
Eng ganz Rëtsch Aarbechte goufe wärend senger Zäit als Buergermeeschter realiséiert, dorënner eng nei Schoul, eng interkommunal Kläranlag, en neit Haus fir d'Pompjeeën zu Uesweller, e Bau fir Kultur- an d'Pompjeeën.
De Luc Bonblet war net nëmmen aktive Foussballspiller beim FC Victoria Rouspert mee och Arbitter.