Léopold Hoffmann
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Léopold Hoffmann, gebuer den 1. Februar 1915 zu Klierf, ass e lëtzebuergesche Schrëftsteller.
[Änneren] Säi Liewen
Dem Léopold Hoffmann säi Papp war Schoulmeeschter zu Klierf. De Kolléisch zu Dikrech huet de Léopold Hoffamnn vun 1928 bis 1935 besicht. Duerno huet hien um Cours Supérieur an der Stad studéiert. Duerno huet hie Germanistik, Latäin , Geschicht. Griechesch a Psychologie studéiert. Seng Universitéitsstudien huet hien zu Paräis, Louvain a Bonn gemaach. No engem Doktorat a Philologie an a Philosophie kritt hien eng Plaz am Kolléisch an der Stad.
Am Krich gëtt hien zwangsversat op Düsseldorf an op Düren.
1943 huet hien am Dikrecher Kolléisch Couren ginn.1945 gouf hie Professer zu Esch-Uelzecht. Hien huet och nach op der Universitéit zu Amsterdam Hollännesch geléiert. An de Kolléisch an d'Stad koum hien am Joer 1949, wou hie Professer bis zu senger Pensioun am Joer 1979 bliwwen ass. Vu 1954 u gouf hie Coursen fir däitsch Literatur um Cours Supérieur an der Stad.
[Änneren] Säi literarescht Wierk
- Kulturpessimismus und seine Überwindung, Essay iwwert den Heinrich Böll (1958)
- Der letzte Romantiker und die Härten der Existenz, D'Liewen an d'Wierk vum Dichter Ernst Koch ((1959)
- Literatur im Spiegel, Säuerliche Aphorismen (1966)
- Reflexe und Reflexionen, Mikro-Geschichten (1968)
- Brenn- und Blendpunkte, Aphorismen a Mikro-Geschichten (1970)
- Heinrich Böll. Einführung in Leben und Werk, Verlag Edi-Centre / Jean-Pierre Krippler-Muller, 2. erweidert Oplo (1973)
- Stress und Stille, (1974)
- Schnappschlüsse, (1978)
- Gegen die Tüchtigen ist kein Kraut gewachsen
- Risse im Putz, (1980)
- Wer will schon wissen, wie spät es ist, (1983)
- Meinetwegen sowas wie Liebe, (1986), Editions Phi
- Aufhänger, (1988)
- Gebrochener Zeitschein, (1993), Editions Phi
- Der Pelz der Reisswölfe, (1997), Editions phi, Virwuert vum Nic Weber
- Schlitter, Gedichter,(2006), Editions Phi. D'Buch gouf virgestallt Méindes, den 9. Oktober 2006 um 20.00 Auer am Centre national de littérature (Maison Servais) zu Miersch.
[Änneren] Zitat
Grabinschrift
Hier liegt Wolf-Dietrich, der glaubte, ein unübertrefflicher Autofahrer zu sein.
Dieser Glaube machte ihn selig.
(aus dem Buch: Reflexe und Reflexionen)