Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Kulturhaaptstad Lëtzebuerg 2007 - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Kulturhaaptstad Lëtzebuerg 2007

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

2007 wäert Lëtzebuerg nees Europäesch Kulturhaaptstad sinn. Mee, am Géigesaz zu 1995, organiséiert Lëtzebuerg et net aleng. "Lëtzebuerg a Groussregioun, europäesch Kulturhaaptstad 2007" ass de Virschlag vu Lëtzebuerg un d'Europäesch Commissioun. Fir d'éischte Kéier zënter datt d'Kulturhaaptstad 1985 vun der griichescher Sängerin, Komödiantin a Politikerin Melina Mercouri agefouert gouf, wäert also d'Kulturhaaptstad eng Regioun sinn an net nëmmen eng eenzel Stad.

Zur Groussregioun Lëtzebuerg zielen d'Saarland, Rheinland-Pfalz, Loutrengen, déi franséichsproocheg an déi däitschsproocheg Communautéit aus der wallounescher Belsch. Si ëmfaasst eng Fläch vu 65.000 km² an zielt 11,2 Milliounen Awunner (ongeféier 2,5% vun der Gesamtpopulatioun vun der EU).

D'Originalitéit vum Virschlag besteet doran, 5 Regiounen aus 4 verschiddene Länner z'associéieren a soumat och verschiddesproocheg Leit zesummenzebréngen. Trotzdeem huet d'Jury (déi zou der Europäescher Kommissioun gehéiert) an hirer Versammlung vum 14 Mäerz 2003 gezéckt der Propositioun zouzestëmmen.

D'Press huet dunn och relatif séier Informatioune publizéiert déi der lëtzebuergescher Delegatioun no net genuch dokumentéiert an onkomplett waren. D'Delegatioun huet doropshin e komplette Rapport ausgeschafft. Bei de Versammlungen, an deenen iwwert d'Organisatioun diskutéiert ginn ass, wor och den "Institut Européen des Itinéraires Culturels" derbäi.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Organisatioun

D'Groussregioun gesäit sech wéi eng Zort "europäesche Laboratoire", deen e Réseau entwéckelt fir eng besser Zesummenaarbecht tëscht den eenzele kulturellen Institutiounen aus deene verschiddene Länner. Ronderëm dëst gemeinsamt Objektiv huet all Land sech och nach en eegent Thema erausgesicht:

  • Lëtzebuerg: "Migratiounen"
  • Saarland: "Industrielle Patrimoine"
  • Rheinland-Pfalz: Grouss europäesch Perséinlechkeeten
  • Loutréngen: "Kultur vum Ërenneren"
  • Wallounien: "Ausdréck vun der Modernitéit"

[Änneren] Statiounen

  • De 29. September 2003 as d'ASBL gegrënnt ginn.
  • De 16. Oktober as de Robert Garcia, Journalist an Députéierten, als "Generalkoordinator" gewielt ginn.
  • Den 22. Dezember 2003 ass den offizielle Konzept der Press virgestallt ginn.
  • De 5. Abrëll 2004 war d'Treffe mat der Jury zu Bréissel.
  • De 27. Abrëll ass eng Pressekonferenz aberuff gi fir den Accord vun der Jury matzedeelen.
  • De 27. Mee 2004 huet dunn de Ministerrot zu Bréissel decidéiert déi Lëtzebuerger Kandidatur an déi vu Sibiu a Rumänien definitiv unzehuelen fir Kulturhaaptstad 2007.

[Änneren] Kontakt

Lëtzebuerg a Groussregioun europäesch Kulturhaaptstad 2007
Boîte postale 2470
L-1024 Lëtzebuerg
Tel.: (+352) 26 62 2007
Fax: (+352) 26 62 2020
E-mail: info@luxembourg2007.org

[Änneren] Um Spaweck

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com