Karl Ludwig Harding
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Karl Ludwig Harding ass gebuer den 29. September 1765 zu Lauenburg; a gestuerwen den 31. August 1834 zu Göttingen. Hie war en däitschen Astronom.
Den Harding huet Theologie studéiert un der Göttingen an huet zu Lilienthal bei Bremen Schoul gehalen.
Vu 1796 un huet den Harding als "Inspekter" um Observatoire geschafft a gouf 1800 zum Observator op der Universitéit Göttingen ernannt. Den 1. September 1804 huet hie vun do aus de Juno, entdeckt.
1805 huet den Harding de Ruff als ausserordentlechen Professer vun der Astronomie un der Universität Göttingen kritt. Hien huet Beobachtungen gefouert un Koméiten, Verännerlech Stäeren an Gasniwwel a publizéiert e Stäerekatalog.
Zu senger Unerkennung vu senge Leeschtunge gouf no him een Asteroid (2003) Harding benannt.
[Änneren] Publikatioun
- Atlas novus coelestis. Göttingen (1808)