Joseph-Ernest Buschmann
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Joseph-Ernest Buschmann (13. September 1814 am Rollengergronn - 19. Februar 1853 zu Gent) war e lëtzebuergesche Schrëftsteller, Drécker an Enseignant.
De Joseph-Ernest Buschmann ass op Siweburen op d'Welt komm. Kuerz dono hu seg Elteren e mat op Antwerpen geholl, wou en och an d'Primärschoul goung. Dono huet hien am Ateneum an der Stad Lëtzebuerg an zu Paräis virustudéiert, a gouf do mat 18 Joer Lycéesprof. Mat 24 Joer huet hien zu Antwerpen op der Académie des Beaux-arts Coursë ginn. Zu Antwerpen huet hien och eng Dréckerei opgemaach an huet sech mat Fotografie a Gravure ofginn. Hien huet ënnert anerem a senger Dréckerei vun 1845 - 1848 de Moniteur Commercial erausginn.
Hie war Membre correspondant vun der Académie Royale de Belgique an Auteur vun Theaterstécker, Oden, Balladen a Satiren. Hien huet och ë. a. eng Etude iwwer de Rubens an aner Artiste geschriwwen, an e Gedicht iwwer de verstuerwene Moler Henri Leys. Och säi Cours iwwert d'Weltgeschicht huet e publizéiert.
De Joseph-Ernest Buschmann ass mat nëmmen 39 Joer zu Gent gestuerwen.