Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Georges Hausemer - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Georges Hausemer

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.


Image:Qsicon Ueberarbeiten.png Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Georges Hausemer , gebuer den 1. Februar 1957 zu Déifferdeng ass fräie Schrëftsteller, Iwwersetzer an Zeechner. Hie lieft zu Esch-Uelzecht.

De Georges Hausemer
Vergréisseren
De Georges Hausemer

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Säi Liewen

Zu Déifferdeng gebuer, obgewues zu Stengefort, Péiteng, Waasserbëlleg, Mäertert an Hoen. Studium (Publizistik a Romanistik) zu Salzburg a Mainz. Lieft zanter 1984 als fräie Schrëftsteller, Iwwersetzer, Verlagsmataarbechter an Zeechner zu Esch/Uelzecht. Länger Openthalter an den USA (International Writing Program, Iowa, 1988), a Spuenien an zu Berlin. Zanter 1995 Reesen an Asien (Thailand, Indien, Nepal, China), Afrika (Senegal, Mali, Burkina Faso, Niger), USA, Mëttel- a Südamerika.

[Änneren] Säi Wierk

De Georges Hausemer huet zanter 1982 Romaner, Erzielungen, Kuerzgeschichten, Gedichter an Iwwersetzungen (aus dem Franséischen, Engleschen a Spueneschen) publizéiert. Donieft Texter an Zeitungen, Zäitschrëften an Anthologien; zanter 1995 och Reesreportagen an nationalen an internationalen Zeitungen (Frankfurter Allgemeine Zeitung, Frankfurter Rundschau, Süddeutsche Zeitung, Neue Zürcher Zeitung, Der Standard etc.). Hien ass Auteur vum Luxemburger Lexikon (2006).

[Änneren] Wat soen d'Medien?

  • Zu dem Georges Hausemer sengem éischte Roman op Lëtzebuergesch Iwwer Waasser:

Iwwer Waasser as den éischte Lëtzebuerger Roman, an deem ech bis elo "Lëtzebuerg" wierklech erëmkannt hun. An aplaz lo selwer a spéitréimesch Zeremonien ze verfalen, gënne mer eis léiwer eng ganz kleng Passage aus engem grousse Buch:
"Mam Geräisch vum Wand am Ouer, dee wäit vum Mier erof, vun Ostende iwwert d'Ardenne bléist, schléift de Lex an. A mat de Reendrëpsen, déi widdert d'Fënster schloen. Wéi Spéngelen. Spéngelskäpp. Widdert d'Glas. Honnertdausend Pickerten."
Wann's d'eppes kanns!

De Jean-Michel Treinen am Land vum 12. Juni 1998.
  • Zu dem Georges Hausemer sengem Der lächelnde Elefant in der Rushhour. Thailändische Szenerien:

Immer vertieft er seine Beobachtungen und Erfahrungen durch Rückgriffe auf historische, politische und kulturelle Hintergründe. Schließlich entspricht seiner neugierigen, sinnlichen, weltoffenen Mentalität eine klar informierende, kraftvolle, eigenwillige, leidenschaftlich die Umwelt erhellende Sprache; sie bleibt stets auf der Höhe ihres Gegenstandes. Als versierter Autor hat er den Reportagestil im Griff.

De Fritz Werf am Land vum 27. September 2002.

[Änneren] Editiounen

  • Das Buch der Lügen, Roman, Schneekluth/Münchner Edition, München 1985;
  • Milan 412, Notizen und Berichte, Editions Binsfeld, Lëtzebuerg 1987;
  • Kleines luxemburgisches Sittenbild, Roman, Alano Verlag, Aachen 1989;
  • Das Institut, Erzählung, Op der Lay, Esch/Sauer 1989;
  • Der Spanier in meinem Zimmer, Stories, Op der Lay, Esch/Sauer 1992;
  • Hornissen schießen, Kleine Prosa, Eric van der Wal, Bergen (Holland) 1993;
  • Die Gesetze der Schwerkraft, Erzählung, Editions Phi, Iechternach 1995;
  • Die Tote aus Arlon, 39 Geschichten, Gollenstein Verlag, Blieskastel 1997;
  • Luxemburg kulinarisch - Küche, Land & Leute, Editions Guy Binsfeld, Lëtzebuerg 1997;
  • Iwwer Waasser, Roman, Editions Phi, Iechternach 1998;
  • Im Land der Mauren und Olivenhaine. Andalusische Streifzüge, Picus Lesereisen, Picus Verlag, Wien 2000;
  • D'Stad Lëtzebuerg. Die Stadt Luxemburg: Streifzüge und Impressionen. Editions Guy Binsfeld, Lëtzebuerg 2000.
  • Der lächelnde Elefant in der Rushhour. Thailändische Szenerien. Picus Lesereisen, Picus Verlag, Wien 2002;.
  • Und abends ein Giraffenbier. Reisegeschichten, Editions Guy Binsfeld, Lëtzebuerg 2006.

[Änneren] Iwwersetzungen (Auswiel)

    • Aus dem Franséischen(zesumme mat der Gabrielle Seil):
  • Jean-Pierre Gattégno: Eiskalter Blick, Roman, Goldmann Verlag, München, 1994;
  • Suzanne Bernard: Das Badehaus, Roman, Goldmann Verlag, München 1996;
  • Michel Folco: Wolfsjunge, Roman, btb im Goldmann Verlag, München 1996;
  • Emmanuel Carrère: Der Schnurrbart, Roman, Wagenbach Verlag, Berlin 1997;
  • Jean-Pierre Gattégno: Schnee auf den Gräbern, Roman, btb am Goldmann Verlag, München 1999;
  • Tonino Benacquista: Die Absacker, Roman, Manhattan am Goldmann Verlag, München 2000;
  • Jean-Pierre Gattégno: Der vertauschte Mantel, Roman, btb am Goldmann Verlag, München 2000;
  • Régine Detambel: Das Glasdach, Roman, Gollenstein Verlag, Blieskastel 2000.
    • Aus dem Englischen:
  • Desmond Egan: Irish Poems, Éditions Phi, Iechternach1997.
    • Aus dem Lëtzeburgeschen (zesumme mam Roger Manderscheid):
  • Roger Manderscheid: Tschako klack, Roman, Gollenstein Verlag, Blieskastel 1997;
  • Roger Manderscheid: Der Papagei auf dem Kastanienbaum, Roman, Gollenstein Verlag, Blieskastel 1998.


[Änneren] Gielercher

Gouf fir säi Wierk als Auteur an Iwwersetzer mat verschiddenen nationalen an internationale Präisser, Boursen a Stipendien ausgezeechent, z. B. e puer Mol beim Nationale Literaturconcours (fir Romaner, Kuerzgeschichten, Reesgeschichten, Gedichter). 1986 Grënnungsmember a bis 1991 Sekretär vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband (LSV). Huet 2000 als Lëtzebuerger Vertrieder um Literaturexpress Europa 2000 deelgeholl. Huet seng Biller zanter 1992 e puer Mol am Salon du CAL an am Konschthaus beim Engel ausgestallt.

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com