Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Gëlle Fra - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Gëlle Fra

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Monument du Souvenir
Vergréisseren
Monument du Souvenir
Monument du Souvenir vu no
Vergréisseren
Monument du Souvenir vu no

D'Gëlle Fra ass de geleefege Numm vum Monument du Souvenir, dat an der Stad Lëtzebuerg op der Constitutiounsplaz steet. Säin Numm geet op eng vergëllent Fraefigur zeréck, déi vum Sculpteur Claus Cito geschafe gouf, an déi op enger Sail steet. Ursprénglech huet et un déi Lëtzebuerger Fräiwelleg erënnert, déi op franséischer Säit am Éischte Weltkrich gefall sinn, spéider gouf et, duerch séng Geschicht, och e Monument géint d'Nazidiktatur, an allgemeng d' Monument, fir u Krichsaffer z'erënneren.

[Änneren] Beschreiwung

D’Monument besteet aus engem Sockel mat 2 männleche Bronzefiguren, wouvunner eng do läit a vun deer anerer betrauert gëtt, an aus enger 21 m héiger véiereckeger Sail an enger vergëllenter Bronzefigur uewendropp. Dës Figur stellt eng Fra duer, déi e Lorberkranz mat ausgestreckten Ärem viru sech hält. Si ass eng klassesch Allegorie fir de Fridden, d’Victoire, oder och d’Natioun, déi d’Krichshelden éiert. Um Sockel, op Granitplakken, geet riets vun den 3.000 Lëtzebuerger Legionnairen an den 2.500 Doudegen an de franséischen Arméien am Éischte Weltkrich.

[Änneren] Geschicht, Funktioun a Symbolik

De 14. Februar 1920 ass vun der Nationaler Denkmalcommissioun e Concours ausgeschriwwe ginn fir e Monument, dat un déi Lëtzebuerger Zaldoten, déi op franséischer Säit am Éischte Weltkrich gestuerwe sinn, sollt erënneren. Ënnert den 18 Projetën, déi agereecht goufen, gouf d’"Friddenskinnigin" (sou den Numm vum Entworf) vum Claus Cito zeréckgehalen. Finanzéiert gouf et deelweis duerch de Verkaf vun Timberen, déi eng Surtaxe kruten. De Projet war zimmlech kontroverséiert, well d’Figur mat hirem dënne Kleed, duerch dat hir Brëscht sech däitlech ofgezeechent hunn, deem engem oder aneren zevill plakeg war. D’Monument gouf den 23. Mee 1923 opgeriicht an de 27. Mee ageweit.

Den Nazien, déi nom Iwwerfall op Lëtzebuerg, den 10. Mee 1940, Här a Meeschter waren, war d’Monument vun Ufank un en Dar am A. Den 10. Oktober 1940 koum den Uerder, dat " Schandmal", ofzerappen, wat och den 21. Oktober geschouch. Mat enger Dampwalz gouf d'Sail ëmgerappt an ass an 3 Stécker zerbascht. D’ Sockelfigure gouffe sëchergestallt, d’Steng koumen op en Depôt vun der Stad. E puer honnert Studenten aus dem Koléisch, dee just vis-à-vis war, hun nogekuckt an haart géint d’Ofrappe protestéiert. Vill vun hinne goufe verhaft a brutal vun der Gestapo zerklappt.

Nom Krich huet den Architekt Victor Engels Pläng entworf, d’Monument erëm opzerichten, mee ouni d’Gëlle Fra selwer. Dës ass zwar 1955 kuerz (zimlech delabréiert) an enger Ausstellung iwwert d'Resistenz opgedaucht, ma nom Enn vun der Ausstellung, zum Cito sengem Verdross, nees "verschwonn", wat déi, déi am Ufank dergéint waren, wuel ganz gutt arrangéiert huet. Duerch d'Net-méi-do-Sinn vun der Gëlle Fra krut d'Monument (oder wat dervunner rescht war) eng nei Dimensioun. Et gouf sech huet elo och un d'Nazidiktatur erënnert. Spéider koume Plakke bäi, déi un d’Lëtzebuerger fräiwelleg Zaldoten am Koreakrich ërennert hunn, wat zu enger politescher Kontrovers mat de Kommuniste gefouert huet.

D'Gëlle Fra
Vergréisseren
D'Gëlle Fra

1981, virum Nationalfeierdag, huet de Josy Braun an engem Artikel am Tageblatt ugekënnegt, d’Gëlle Fra wir ënnert de Gradinë vum Staadter Foussballsterrain (dem haitege Stade Josy Barthel) ëremfond ginn. Et koum zu enger nationaler Souscriptioun, wou Suë gesammelt goufen, fir d’Gëlle Fra ze restauréieren an ërem opzeriichten. Dës ass dann och den 23. Juni 1985 ageweit ginn.

D’staark Symbolik, déi dëst Monument fir eng ettlech Leit huet, gouf 2001 bei enger Polemik däitlech, wéi ënnert dem Numm "Lady Rosa of Luxembourg" eng verfriemt Replik vum Monument fir eng begrenzten Zäit, net wäit ewech dervun, opgestallt gouf.

[Änneren] Links

[Änneren] Intern

Aner Sproochen
Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com