Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Josy Barthel - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Josy Barthel

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Josy Barthel
Vergréisseren
Josy Barthel
De Josy Barthel op der Nummer 1
Vergréisseren
De Josy Barthel op der Nummer 1

De Josy Barthel war e lëtzebuergesche Liichtathlet a Politiker.

Gebuer gouf de Josy Barthel de 24. Abrëll 1927 zu Mamer a Chruetgësch an der Kuesgässel als Jong vum Eisebunner Nicolas Barthel a senger Fra, der Anna Urbing.

Hie wiisst an engem modeste Milieu op a seng Talenter als Leefer gi während dem Zweete Weltkrich entdeckt.

Déi bedeitenst Victoire, déi de Josy Barthel am Laf vu senger sportlecher Carrière feiere kann, ass d'Goldmedail bei den Olympesche Spiller zu Helsinki a Finnland, de 26. Juli 1952 am 1500 Meter-Laf an 3'45"20 virun dem Amerikaner Bob McMillen an dem Däitsche Werner Lueg. Deen zweeten a bis ewell leschte lëtzebuergesche Goldmedailegewënner kritt seng Medail vum deemolegen Ierfgroussherzog Jean iwwereecht.

Seng lescht 1500 m Course leeft hien den 29. November 1956 op den olympesche Spiller vu Melbourne.

De Josy Barthel ass President vun der Fédération Luxembourgeoise d'Athlétisme vun 1962 bis 1972 a President vum Comité Olympique National vun 1972 bis 1977.

Berufflech fänkt hien 1951 un, als Diplomchemiker am Staatslaboratoire ze schaffen, an no senger Victoire zu Helsinki studéiert hien op der Universitéit zu Harvard dat deemools nach neit Fach Ëmweltschutz. Am September 1977 gëtt hie Minister an der Regierung Thorn-Berg, a bleift dat och an de Regierunge Werner-Thorn a Werner-Flesch vun 1979 bis 1984. Dono ass hie weiderhi fir d'DP Deputéierten an der Chamber, an och Member vum Staadter Gemengerot.

De Josy Barthel huet sech den 2. Oktober 1952 mam Fernande Senninger vu Bartreng bestuet, an d'Koppel krut zwee Meedercher, d'Lilibeth (*1955) an d'Danielle (*1956). Hie stierft de 7. Juli 1992 an der Stad Lëtzebuerg.

De Stadion op der Areler Strooss an den neie Lycée Technique Josy Barthel zu Mamer sinn no him benannt.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Palmarès

  • 1946 - 1956 11 mol lëtzebuergesche Landesmeeschter
  • 1947 Goldmedail op der Militärweltmeeschterschaft zu Berlin, (800 m)
  • 1948 Goldmedail op der Militärweltmeeschterschaft zu Bréissel am 1500 an 800 m
  • 1948 9. an der Finale op den olympesche Spiller vu London
  • 1949 1. op der Studenteweltmeeschterschaft am 1500 m
  • 1951 1. op der Studenteweltmeeschterschaft am 800 a 1500 m
  • 1952 Goldmedaille op den olympesche Spiller vun Helsinki am 1.500 Meter-Laf
  • 1956 10. an der Serie (fir d'Finale eliminéiert) op den olympesche Spiller vu Melbourne

[Änneren] Literatur zum Thema

Gast Zangerlé: Josy Barthel (la fameuse histoire d'une consécration olympique). Luxembourg: Éditions Saint-Paul, 1992. ISBN 2-87963-135-1

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck







Arrivée zu Helsinki
Vergréisseren
Arrivée zu Helsinki
Skulptur vum Josy Barthel bei der Gemeng zu Mamer
Vergréisseren
Skulptur vum Josy Barthel bei der Gemeng zu Mamer
Aner Sproochen
Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com