Fernand Diederich
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Fernand Diederech, genannt "de Bim", gebuer den 2. Januar 1946 zu Ettelbréck, ass e lëtzebuergesche Politiker dee bis den 2. August 2004 Professer am Technesche Lycée zu Ettelbréck war.
1984 ass hie Member an der LSAP ginn.
An der Gemeng Kolmer-Bierg war hie vun 1982 bis 1985 Schäffen a vun 1988 bis 1993 Conseiller. Zënter dem 1. Januar 1994 ass hie Buergermeeschter vun där Gemeng.
Vum 3. August 2004 un, ass de Fernand Diederich Députéierten um Krautmaart.