Europäesche Rechnungshaff
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Europäesche Rechnungshaff (Cour des Comptes) kontrolléiert, dass all d’Recetten, déi d’Europäesch Unioun anhëllt, an all d’Dépensen, déi se mecht, op eng legal a korrekt Manéier gemaach gi sinn, an dass de Budget vun der EU gutt géréiert gëtt. E gouf 1977 gegrënnt huet säi Sëtz zu Lëtzebuerg.
Den Europäesche Rechnungshaff huet 25 Memberen, 1 pro EU-Membersland, déi op 6 Joer, déi verlängert kënne ginn, vum Conseil vun der Europäescher Unioun ernannt ginn. Intern kënnen des sech a 'Chamberen' organiséieren, déi verschidden Zorten Rapporten oder Avisë kënne maachen. D’Membere wielen aus hierer Mëtt e President op 3 Joer.
[Änneren] Seng Aufgaben
D’Haaptfonctioun vum Europäeschen Rechnungshaff ass wéi gesot ze kontrolléierern, datt beim EU-Budget alles an der Rei ass.
Dofir kontrolléiert en d'Dokumenter vun allen Organisatiounen, déi Recetten oder Dépensë vun EU-Suë géréieren. Wann néideg, mécht e Kontrollen um Terrain. Seng Conclusiounen ginn a Rapportë publizéiert, déi d’Europäesch Commissioun an d’Memberstaaten iwwer eventuell Mëssstänn informéieren.
Dee wichtegste Rapport ass dobäi de Joeresrapport iwwert dat ofgelafent Budgets-Joer, deen e fir d’Europäescht Parlament an de Conseil (déi 2 sinn d’Budgets-Autoritéit) ausschafft. D’Commentairen, déi an dësem Rapport stinn, spillen eng wichteg Roll fir d'Parlament fir ze decidéieren, ob et d’Gestioun vum Budget duerch d’Commissioun soll approuvéieren oder net.
Den Europäesche Rechnungshaff gëtt och nach Avisën of, iert d’EU nei Finanzregelen aféiert. E kann och soss zu bestëmmte Punkten an zu jiddfer Moment Commentairën ofginn oder, op Demande vun enger vun den Institutioune vun der Europäescher Unioun hin, säin Avis ginn.
[Änneren] Séng Aarbechtsweis
De Rechnungshaff schafft an totaler Onofhängegkeet a ka fräi entscheeden, wéi a wat e kontrolléiert, a wéini an a wat fier enger Form e publik mécht, wat en erausfonnt huet.
En huet eng 550 Mataarbechter, wouvunner der eng 250 Kontrolleure sinn, déi sech an "Audit-Gruppen" organiséieren. Dës Kontrolleure maachen dacks Inspectiouns-Visitë bei deenen aneren Institutiounen, de Memberslänner an an deen Länner, déi eng finanziell Hëllef vun der EU kréien. Et musse e wëssen, dass d’Commissioun zwar responsabel ass iwwer des Fongen, mee d’Gestioun dovunner zu 90 % an deenen betraffene Länner gemaach gëtt.
De Rechnungshaff ka selwer keng legal Schrëtt aleeden. Wann d’Kontrolleuren eng Fraude oder eng Illegalitéit entdecken, ginn se dat sou séier wéi méigleg un déi kompetent europäesch Instanze vierun, dass déi kënnen déi néideg Mesurën huelen.