Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Duerch Gemengefusiounen, an awer och duerch Entstoe vun neie Gemengen, huet d' Zuel vun de Lëtzebuerger Gemengen am Laf vun de Joerzéngten ëmmer nees geännert.

Zënter der Schafung vun de Gemengen ënnert dem franséische Régime Enn vum 18. Joerhonnert goufen et ëmmer nees nei Gemengen, an anerer goufen opgeléist oder hu fusionéiert. Als Beispill sief d'Gemeng Wäicherdang ernimmt, déi 1823 opgeléist gouf, oder d'Gemeng Hënsdref, déi 1823 mat Luerenzweiler fusionnéiert huet.

No der spezieller politescher Situation während der belscher Revolutioun tëscht 1830 an 1839 goufen et 120 lëtzebuerger Gemengen am Joer 1830.

De 25. Juli 1846 ass d'Gemeng Uewerpallen opgeléist ginn an zu der Gemeng Biekerech komm. D'Zuel vun de Gemengen ass op 119 erofgaang.

Duerno koum eng Zäit, wou d'Zuel vun de Gemenge bestänneg an d'Luucht goung. Den 8. Mee 1849 ass d'Gemeng Eech opgedeelt ginn an d'Gemeng Rollengergronn ass entstan. Duerch D'Gesetz vum 6. August 1849 ass d'Gemeng Bartreng opgedeelt gi fir d'Gemeng Stroossen ze schafen. Den 22. Januar 1850 gouf d'Gemeng Ettelbréck opgedeelt, an direkt 2 nei Gemenge sinn entstanen: Schieren an Ierpeldeng. De 25. November 1850 ass d'Gemeng Walfer aus engem Deel vun der Gemeng Steesel erausgaang, an aus Deeler vun der Gemeng Steesel an der Gemeng Kielen ass den 22. Februar 1853 d'Gemeng Koplescht entstanen. Den 3. Mäerz 1856 ass d'Gemeng Reckeng op der Mess opgedeelt ginn, an d'Gemeng Leideleng ass entstanen. Domat war d'Zuel vun de lëtzebuerger Gemengen a knapp 7 Joer vun 119 op 126 erop gaang.

Den 20. Dezember 1873 ass d'Gemeng Sandweiler opgedeelt gi fir d'Gemeng Hamm ze grënnen. Den 20. November 1874 ass d'Gemeng Mäerzeg aus engem Deel vun der Gemeng Feelen entstanen. De 6. Juli 1876 huet d'Gemeng Schëffleng sech vun der Gemeng Esch-Uelzecht ofgetrennt, an de 27. Juni 1891 huet d'Gemeng Rëmeleng sech vun der Gemeng Keel ofgetrennt. Domat war den Héchststand vun 130 lëtzebuerger Gemengen erreecht.

Mee net nëmmen d'Zuel vun de Gemengen huet geännert, och d'Nimm vu verschidde Gemenge goufen am Laf vun der Zäit geännert. Sou ass aus der Gemeng Kierchen den 28. Dezember 1908 d'Gemeng Ëlwen ginn, an de 17. Abrëll 1914 huet di deemoleg Gemeng Alschent sech a Kautebaach ëmbenannt.

Nom Éischte Weltkrich sinn eng Rei Gemengefusiounen um Gebitt vun der haiteger Stad Lëtzebuerg ënnerholl ginn. De 26. Mäerz 1920 hunn d'Gemengen Hamm, Hollerech a Rollengergronn mat der Stad Lëtzebuerg fusionnéiert, a kuerz drop, den 1. Juli 1920 (Gesetz vum 30. Juni 1920), war et d'Gemeng Eech, déi ebenfalls mat der Haaptstad fusionnéiert huet. Domat ass d'Zuel vun de lëtzebuerger Gemengen erof op 126 gaang.

An den 1970er Joere koumen nees Bestriewungen op fir Gemengen ze fusionnéiren. Den 1. Januar 1978 (Gesetz vum 31. Oktober 1977) ass d'Gemeng Wëntger aus deene 4 Gemengen Aasselbur, Béigen, Helzen an Uewerwampech entstan. Di éischt 3 Gemengen hunn zum Kanton Klierf gehéiert, Uewerwampech war am Kanton Wolz, an di nei Gemeng Wëntger gehéiert zum Kanton Klierf.

Den 1. Januar 1979 sinn dräi nei Fusiounsgemengen entstanen. D'Gemeng Rammerech duerch d'Fusioun vun de Gemengen Uerschdref, Bungeref, Foulscht a Pärel (Gesetz vum 27. Juli 1978), d'Stauséigemeng duerch d'Fusioun vun de Gemengen Béiwen an Harel (Gesetz vum 23. Dezember 1978) an d'Gemeng Jonglënster duerch d'Fusioun vun der Gemeng Roudemer mat der vireger Gemeng Jonglënster (Gesetz vum 23. Dezember 1978). Domat ass d'Zuel vun de lëtzebuerger Gemengen erof op 118 gaang.

De 17. Juli 2001 huet d'Gemeng Bieberech sech a Gemeng Préizerdaul ëmbenenne gelooss.

Méi spéit gouf et nach eng Kéier 2 Gemengefusiounen: duerch d'Gesetz vum 21. Dezember 2004 ass d'Gemeng Tandel duerch d'Fusioun vun de Gemenge Baastenduerf a Furen entstan, an d'Gesetz vum 14. Juli 2005 huet d'Fusioun vun de Gemenge Wëlwerwolz a Kautebaach zu där neier Gemeng Kiischpelt besigelt.

Domat huet Lëtzebuerg zënter dem 1. Januar 2006 116 Gemengen.

Duerch e Gesetz vum 24. Juli 2006 huet d'Gemeng Remerschen hiren Numm mat Effet op den 3. September 2006 a Schengen ëmgeännert.


[Änneren] Kuckt och

Aner Sproochen
Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com