Dudelsak
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Dudelsak ass de wäitverbreeten ëmgangssproochleche Numm fir all Holzblosinstrument, bei deem d'Loft, déi fir ze spille gebraucht gëtt, aus engem Loftsak an eng Wandkapsel gepresst gëtt. Den eigentleche Begrëff ass Sakpäif.
[Änneren] Den Opbau vum Instrument
D'Instrument huet eng "Spillpäif", mat deeër d'Melodië gespillt ginn an eng oder e puer "Bourdon"-Päifen, déi en Dauertoun spillen. Téin an de Päife ginn duerch en einfacht oder duebelt Rouerblat ervirgeruff, dat sougenannte "Reed", dat aus Plastik oder Bambus ass. De Loftdrock op d'Päifen kënnt aus engem Sak, dee vum Spiller mam Mond duerch e Blosrouer oder beim ireschen Dudelsak, dem Uilleann Pipe, duerch e Blosballeg opgeblose gëtt. D'Loftreserve am Loftsak erlaabt et, en Toun ze spillen, deen onafhängeg vum Otem ass.
[Änneren] Dudelsak-Zorten
- Déi däitsch Schéiferpäif
- Den däitschen Hümmelchen
- De Biniou aus der Bretagne
- D'Zampognia aus Süditalien
- De letteschen Dudas
- De bulgaresche Kab Gajda
- D'Säckpipa aus Schweden
- Den tierkeschen Tulum