Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Dag Hammarskjöld - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Dag Hammarskjöld

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Dag Hammarskjöld
Vergréisseren
Dag Hammarskjöld

Den Dag Hjalmar Agne Carl Hammarskjöld (* 29. Juli 1905 zu Jönköping, Schweden; † 18. September 1961 op der Grenz vu Sambia) war e schwedesche Politiker, Auteur an den zweete Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen.

Den Dag Hammarskjöld krut 1961 posthum de Friddensnobelpräis.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Liewen

[Änneren] Carrière a Schweden

Den Hammarskjöld huet Droit, Philosophie an Economie studéiert.

Tëscht 1936 an 1945 war hie Staatssekretär am schwedesche Finanzministère a vu 1941 bis 1948 President vum schwedeschen Räichsbankdirektorium. 1949 ass hie Staatssekretär am Ausseministère ginn.

[Änneren] Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen

Nodeems d'Sowjetunioun véier Kandidaten refuséiert hat, gëtt den Hammarskjöld den 7. Abrëll 1953 als Kompromësskandidat zum neie Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen gewielt.

Säi Virgänger, de Norweger Trygve Lie huet bei der Remise vum Virsëtz gemengt, den Hammarskjöld géif elo "den onméiglechste Job op der Welt" iwwerhuelen.

De Generalsekretär Hammarskjöld virum UNO-Gebai zu New York
Vergréisseren
De Generalsekretär Hammarskjöld virum UNO-Gebai zu New York

Effektiv war d'Plaz vum Generalsekretär net onkomplizéiert a seng Roll ënnert de Membere vum Sécherheetsrot ëmstridden; em sou méi wéi d'Zäite vum Kale Krich hiren Héichpunkt haten. War den Hammarskjöld virun senger Carrière bei der UNO international nach e relativt onbeschriwwent Blat, sou sollt sech dat elo séier änneren. Ee vu sengen éischte Projete war et d'Responsabilitéite vum Generalsekretariat vis-à-vis vum Sécherheetsrot nei ze definéieren an hiren Afloss ze stäerken. Hien huet en eegent Sekreteriat mat 4000 Mataarbechter grënne gelooss an drop insistéiert, datt de Generalsekretär am Noutfall eegestänneg Decisioune kéint huelen d.h. ouni fir d'éischt beim Sécherheetsrot oder der Generalversammlung Réckfro halen ze missen.

1954 geléngt dem Hammarskjöld e klengt diplomatescht Konschtstéck andeems e China dovun iwwerzeegt krut amerikanesch Krichsprisonéier aus dem Koreakrich fräizeloossen. 1956 spëtzt sech de Konflikt em de Suezkanal geféierlech zou an d'Gefor datt d'Situatioun zu engem neie Weltkrich eskaléiert ass grouss. Den Hammarskjöld intervenéiert a verhandelt erfollegräich mat Egypten iwwert d'Stationéiere vun der -no enger Iddi vum Kanadier Lester Pearson- nei begrënntener United Nations Emergency Force (UNEF) an der Regioun. Et war dëst di éischt militäresch Friddensmissioun vun der UNO.

Nach dat selwecht Joer probéiert hien d'Situatioun an der Ungarn Kris ënner Kontroll ze kréien, déi Kéier awer ouni grousse Succès.

1957 gëtt den Hammarskjöld eestëmmeg vun der UNO-Generalversammlung erëmgewielt.

1960 setzt hie sech aktiv fir en Enn vun de bluddegen Onrouen an der fréierer belscher Kolonie Kongo, déi grad hier Onofhängegkeet déclaréiert hat, an. Den UNO-Sécherheetsrot schéckt nom Welle vun der UdSSR an den USA UNO-Truppen an d'Provënz Katanga. Frankräich, Groussbritannien an Taiwan hate sech hirer Stëmm enthal. Der Sowjetunioun ass d'Mandat vun der United Nations Operation in the Congo awer net wäit genuch gangen an nodeems den Hammarskjöld sech géint eng Erweiderung gestallt huet, huet den Nikita Chruschtschow op d'Demissioun vum UNO-Generalsekretär insistéiert.

[Änneren] Fligersaccident

An der Nuecht vum 17. op den 18. September 1961 stierft den Dag Hammarskjöld bei engem bis haut net gekläertem Fligersaccident op der Grenz vun der Provënz Katanga, a Richtung Sambia. Den Hammarskjöld war an diplomatescher Missioun ënnerwee fir bei de President vu Katanga, de Moïse Tshombé.

Em den Doud vum Hammarskjöld goufen a ginn et och nach bis haut eng ganz Rei vun Theorien a Spekulatiounen. Muencheree bezweiwelt datt et wierklech en Accident war, bewise konnt awer ni eppes ginn.

[Änneren] Literatur

  • Ruth Röhlin: Dag Hammarskjöld - Mystiker und Politiker. Kösel Verlag, München, 2005, ISBN 3-466-36684-4
  • Stephan Mögle-Stadel: Dag Hammarskjölds Vermächtnis. Amthor Verlag, Heidenheim, 2005, ISBN 3-934104-17-7

[Änneren] Um Spaweck

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com