Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Charles Messier - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Charles Messier

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Charles Messier
Vergréisseren
Charles Messier

De Charles Messier, gebuer den 26. Juni 1730 zu Badonviller Loutrengen a gestuerwen den 12. Abrëll 1817 zu Paräis war e franséischen Astronom.


Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Sai Liewen

Dem Messier seng Famill staamt aus areme Verhältnesser. Mat 21 Joer goung hien op Paräis an ass vum Nicholas Delisle (Astronom vun der Marine) ugestallt ginn. Schonns am Joer 1744 ass säin Intressi un der Astronomie gewuess, nodeems hien de grousse sechs-schwänzege Koméit Klinkenberg gesinn hat. 1754 gouf hie Sekretär bei der Marine, wou hien ënner anerem och huet misse Kaarten zeechnen. Den Delisle huet him d’Grondwësse vun der Astronomie ginn an huet en derzou ugehalen, vu sämtlechen Observatiounen genee Positiounsdaten ze maachen. Vu 1764 un, huet hie sech dann haaptsächlech mat der Sich no Koméite beschäftegt. Hien huet mat Fachleit an England, Däitschland a Russland korrespondéiert.

Am Joer 1771 gouf de Messier (endlech) Astronom vun der Marine – an domat Nofolger vum Delisle. 1781 war hie béiss gefall an hat schwéier Verletzungen dervu gedroen, vun deenen hie sech ganz lues erholl huet. Während der Franséischer Revolutioun huet hie seng Plaz verluer an ass veraarmt. 1796 huet de Messier eng Ustellung am Bureau des Longitudes kritt. Am Joer 1806 huet de Napoléon him d’Kräiz vun der Éierelegioun ugespéngelt. De leschte Koméit, deen hien nach gesinn huet, war de Koméit vun 1807. 1815 krut hien e Schlagufall, an zwee Joer méi spéit ass hien am Alter vun 87 Joer gestuerwen.

[Änneren] Seng Entdeckungen

Am Joer 1759 huet de Messier gesicht an och fonnt – am Optrag vum Delisle den Halleysche Koméit, 1761 observéiert hien e Venusduerchgang, dräi Joer méi spéit geléngt him eng Neientdeckung vun engem Koméit. Bis zum Joer 1801 mécht hien 20 Koméiten-Entdeckungen. Dat ass héich Zuel (13 eegestänneg souwéi 6 Co-Entdeckungen).

Op der Sich no neie Koméiten, ass de Messier op eng Villzuel vun aneren Objete, wéi Galaxien, Stärekéip oder Niwwel gestouss. Déi éischt vun dëse Formatiounen - spéider Messier 1 oder M 1 genannt – hat hie schonns 1758 gesinn. Fir seng Aarbecht méi einfach ze maachen, huet hie geziilt no weideren Exemplare gesicht. Dobäi huet hie Kataloge vum Edmond Halley, Nicolas Louis de Lacaille, Jacopo Filippo Maraldi a Jean-Baptiste Le Gentil benotzt.

Dann huet de Messier dës Objeten (am Ufank nëmme 45 Stéck) an deem no him benannte „Messier-Katalog“ opgelëscht. Déi éischt Faassung ass 1771 verëffentlecht ginn. Am Joer 1774 mécht de Jerome Lalande, den deemools beschte franséischen Astronom, hie mat dem Pierre Méchain bekannt. Eng gutt Zesummenaarbecht huet ugefaangen.

Schonns 1780 war de Katalog op 68 Objete gewuess. Am September 1782 entdeckt de Méchain den 107. Messier-Objet. Vun do u stellt de Messier seng Sich no weideren Niwwel an a konzentréiert sech nees op d’Koméiten – wuel duerfir, well de William Herschel mat sengem groussen Instrument seng Observatioun ugefaangen hat. Déi lescht Faassung vu sengem Katalog gouf 1781 an der Connaissance des Temps fir d’Joer 1784 verëffentlecht.

De Messier huet eng ganz Rei vun ënnerschiddlechen Teleskopen, dorënner Refraktere mat Brennwäiten bis zu 7 m (Ëffnung onbekannt) a Reflektere mat Spigelduerchmiesser bis zu 20 cm.

De Messier war Member vun enger Villzuel vun Wëssenschaftsakademien, dorënner déi an England, Däitschland, Frankräich a Russland.

Dem Messier zu Éieren ass e Moundkrater souwéi en Asteroid benannt.


[Änneren] Koméitelëscht vum Messier

  • Halleysche Koméit: Januar, 1759 (Co-Entdeckung)
  • en net no him benannte Koméit: August 1758 (Den Delisle huet d’Verëffentlechung ënnerbonnen)
  • Koméit “1759 II Messier”: Januar 1759
  • Co-Entdeckung “1759 III”, bekannt als de „Grousse Koméit vu 1760“: Januar 1759
  • Koméit “1763 (Messier)”: September 1763
  • Koméit “1764 Messier”: Januar 1764
  • weider Entdeckung: Mäerz 1766
  • Co-Entdeckung “1766 II Helfenzrieder”: Abrëll 1766
  • Koméit “1769 Messier”: August 1769
  • “Comet Lexell”: Juni 1770 (benannt nom Berechner vun den Bunndaten, Anders Johan Lexell)
  • Co-Entdeckung vum „Grousse Koméit vu 1771“: Januar 1771
  • Koméit “1771 Messier“: Abrëll 1771
  • weider Entdeckung: Oktober 1773
  • Co-Entdeckung “1779 Bode”: Januar 1779
  • Koméit “1780 I Messier”: Oktober 1780
  • Koméit “1785 I Messier-Méchain”: Januar 1785
  • weider Entdeckungen am November 1788,
  • September 1793 an
  • Abrëll 1798
  • an zum Schluss d’Co-Entdeckung vum Koméit „1801 Pons“: Juli 1801

[Änneren] Um Spaweck

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com