Jacopo Filippo Maraldi
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jacopo Filippo Maraldi gebuer den 21. August 1665 zu Perinaldo a gestuerwen den 1. Dezember 1729 zu Paräis war en italieneschen Astronom.
Hie war de Neveu vum Giovanni Domenico Cassini. Dem Maraldi säin Neveu, de Jean-Dominique Maraldi (Maraldi II; 17. Abrëll 1709 - 14. November 1788) war och en bedeitenden Astronom.
De Maraldi war zënter 1702 Member vun der Académie des sciences zu Paräis.
De Maraldi huet d’Rotatiounsperiod vum Mars mat 24 Stonnen an 39 min. bestëmmt.
Hien huet 1704 d’Nordpolarkap vum Mars entdeckt. D’Südpolarkap gouf 1672 vum Christiaan Huygens entdeckt.
Hien huet d’Jupitermounde beobacht an huet e Stäerekatalog gemaach. De Maraldi hat och erkannt, datt déi bei enger Sonnendäischter opfalend Korona zur Sonn gehéiert.
Vu 1700 bis 1718 huet hien un der franséischer Gradmiessung deelgeholl.