Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Carl Theodor Dreyer - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Carl Theodor Dreyer

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.


Image:Qsicon Ueberarbeiten.png Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Carl Theodor Dreyer, gebuer den 3. Februar 1889 zu Kopenhagen, gestuerwen den 20. Mäerz 1968 zu Kopenhagen war en dänesche Filmregisseur.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Säi Liewen

Den Dreyer as op d'Welt komm als Karl Nielsen, d'Kand vun enger net bestueter Josefine Berhardine Nilsson. De klenge Karl as nach duerch zwou Fleegefamille passéiert ier hien am Alter vun zwee Joer bei eng streng dänesch lutheranesch Koppel koum; den Typograph Carl Theodor Dreyer a seng Fra, d'Inger Marie. De klenge Karl gouw adoptéiert a krut dem Fleegepapp säin Numm. Et war och déi Zäit, an deeër seng biologesch Mamm gestuerwen ass, wéi se eng nei Schwangerschaft wollt ofdreiwen. Et as net bekannt wéini den Dreyer séng Familleverhältnisser matkritt huet. A ville vun sénge Filmen mierkt een awer den Afloss vu sengem Kanndheetstrauma.

Nodeem hien d'Grondschoul färdeg hat, as hien 1906 vu sengen Adoptivelteren fort gaangen. En hat Interessi um Journalissem an huet bei der Berlingske Tinddende, der eelsten dänescher Zeitung a bei der Politiken als Reporter geschafft. 1910 huet hie mat e puer Kollegen en eegent Blad erausgin, dat et net laang ausgehalen huet. Als Mataarbechter vun Ekstra Bladet krut hie mat der dänescher Filmindustrie ze dinn. Heiandsdo huet hien un Dréibicher geschafft.

1913 krut hien endlech e Vertrag mat Nordisk, an zwee Joer drop souz hie scho beim Schneiddësch. Wéi den techneschen Direkter matkritt huet, wat den Dreyer konnt, huet en em viirgeschloen, e Film ze dirigéieren.

[Änneren] Den éischte Film

Scho fir den éischte Film 'Praesidenten' huet den Dreyer dat Natierlecht an dat Realistescht gesicht. Hie sicht sech séng Duersteller selwer eraus a verzicht op geschminkte Gesiichter. Am Film gét et ëm d'Dingschtmeedchen Victorine , dat viru Geriicht steet wéinst dem Doud vu séngem neigebuerene Kand. De Riichter, en éierbare Bierger, soll riichten iwwer säin eegent erwuesse Meedchen, dat hien niewent séngem Bestiednis hat. Et ass also scho fréi ze gesinn, datt den Dreyer seg eege Vergaangeneet mat de Filmen opschaft. Dem Dreyer säi Matgefil fir ennerdrékte Fraen steigert sech bis zum 'La Passion de Jeanne d'Arc'.

[Änneren] Séng Filmen

[Änneren] La Passion de Jeanne d'Arc

Nodeems den Hausmeeschter a Frankräich gutt ukomm war, huet d'Société Génerale de Films beim Dreyer ugeklappt, fir hinnen e Geschichtsdrama ze dréinen. Entweder iwwer d'Cathérine de Medici, d'Marie-Antoinette oder d'Jeanne d'Arc. Dem Dreyer, deen sech bal an all Film mat dem mënschleche Leed beschäftegt hat, louch natierlech d'Jeanne d'Arc-Thema uewen. Zu dem Jesus Film, vun deem de Regisseur säi spéidert Liewe laang getiirmt huet, ass et leider ni komm. De Gléckfall war d'Haaptduerstellerin, d'Renée Marie Falconetti, déi ënner deene sëllegen Jeanne d'Arcen (Jean Seberg, Ingrid Bergman) onerreecht bleiwt. Den Dreyer, dee wéi de Robert Bresson dem erniddregte Mënsch e puer Monumenter gesat huet, war hei ganz a séngem Element.

Den Dreyer hat d'Prozessdossieren penibel studéiert. D'Péng an déi existenziell Angscht ass am Film mat den Hänn ze gräifen.

[Änneren] D'Roll vum Dreyer am dänesche Film

[Änneren] D'Roll vum Dreyer an der Geschicht vum Film

[Änneren] Filmographie

[Änneren] Séng laang Filmen (Auswiel)

  • 1918 Praesidenten (De President) DK
  • 1919 Blade af Satans bog (Blieder aus dem Däiwel séngem Buch) DK
  • 1920 Prästänkan (fr.: La Quatrième Alliance de dame Marguerite) N
  • 1922 Die Gezeichneten D
  • 1922 Der var engang (Et wor emol) DK
  • 1924 Mikaël D
  • 1925 Du skal aere din hustru (Den Hausmeeschter) DK
  • 1925 Glomdalsbruden (fr: Les Fiancés de Glomdal) N
  • 1927 La Passion de Jeanne d'Arc F
  • 1932 Vampyr (L'étrange aventure de David Gray) F
  • 1943 Vredens dag (fr.: Jour de colère / Dies Irae) DK
  • 1944 Tvä människor (fr.: Deux êtres) S
  • 1954 Ordet (fr.: La Parole / Ordet) DK
  • 1964 Gertrud DK

[Änneren] Séng Kuerzfilmen

  • 1942 'Modrejoelpten' (fr.: D'Hëllëf fir d'Mammen)
  • 1946 'Vandet pa landet' (D'Waaser an eisem Land)
  • 1947 'Landsbykirken' (Al Kiirchen um Land)
  • 1947 'Kampen mod kroeften' (De Kampf géint de Kriibs)
  • 1948 'De naaede foergen' (fr.: Ils attrapèrent le bac)
  • 1949 'Thorvaldsen'
  • 1950 'Storstromsbroen' (D'Bréck vu Storstrom)
  • 1954 'Et slot i slot' (E Schlass an engem Schlass)

[Änneren] E Film iwwer den Dreyer

1995 huet den Torben Skjodt Jensen en Dokumentarfilm zusummegestallt "Carl Th. Dreyer - My métier". De Film ass a schwaarz-wäiss, stereo, dauert 94 Minuten an huet e Format-Ratio vun 1,66:1. Et schwätzen munnëg Filmleit, déi mat dem Dreyer zesummegeschafft haten an d'Duechter vun der Renée Jeanne Falconetti, dem Dreyer seng Jeanne d'Arc.

Gespréichspartner:
  • Henning Bendtsen: Hie war hanner der Kamera vum "Ordet" an "Gertrud". Iwregens huet den Bendtsen och dem Lars von Trier séng "Epidemic" (1987) an "Europa" (1991 gedréint.
  • Hélène Falconetti: Si as d'Duechter vun der Renée Jeanne Falconetti an dem Henri Goldstuck.
  • Birgitte Federspiel: Am "Ordet" spillt si d'Roll vun der Inger
  • Preben Lerdorff Rye: En däneschen Charakterduersteller. Mat derbäi am "Vredens dag" an Ordet".
  • Lisbet Movin: D'Anne aus "Vredens dag"
  • Baard Owe: Den Erland Jansson aus dem "Gertrud"
  • Jorgen Roos: De Mann mat der Kamera vum "De naeda foergen" an "Et slot i slot"
  • Axel Strobye: De Psychiater aus dem "Gertrud"

[Änneren] Bicher zum Thema

[Änneren] DVD Rotschléi

[Änneren] The Criterion Collection

Déi US-amerikanesch The Criterion Collection huet vum Dreyer e puer vu senge wichtegste Produktiounen an aussergewéinlech gefleegten Editiounen erausginn.

  • The Passion of Joan of Arc Den DVD ass gezu ginn vum Original (82 Minuten), dee laang vermësst war, an 1981 an engem norwegeschen Psychiatrieheem erëmfonnt gouf.

[Änneren] bfi DVD

  • Day of Wrath, Vredens dag, 2006
  • Gertrud, Gertrud, 2006
  • Ordet, Ordet, 2006
  • Master of the House, Du skal aere din hustru, 2006

[Änneren] Kino

  • Mikaël
Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com