Beelen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|||||
---|---|---|---|---|---|
Beel | |||||
Klassesch Klassifikatioun | |||||
Räich : | Déiereräich | ||||
Stamm : | Glidderfüssler | ||||
Klass : | Insekten | ||||
Uerdnung : | Diptera | ||||
Ënneruerdnung : | Mécken | ||||
Famill : | Beelen | ||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||
Tabanidae | |||||
Ënnerfamilljen | |||||
|
Beelen (Tabanidae) sinn eng Famill aus der Ënneruerdung vun de Mécken (Brachycera) an der Uerdnung vun den Diptera (mat zwee Flilleken) a gehéieren zu den Insekten, déi Blutt suckelen. Si kënnen bis zu 30 Millimeter laang ginn.
D'Beelen sinn och Parasiten. Hire Wirt sinn haaptsächlech d'Mamendéieren, dat heescht och de Mënsch.
[Änneren] Den Numm
- op Englesch: the horsefly
- op Däitsch: die Bremse
- op Franséisch: le taon
[Änneren] Vu wat se sech ernieren
Bei deene meeschte vun den ongeféier 4.000 Aarten ass et d'Weibchen, dat Blutt suckelt, dat männlecht Insekt besicht d'Bléien a suckelt den Nektar. Just bei e puer Aarten erniert sech d'Weibche vu Planzen. E puer seelen tropesch Aarte liewe vun Aas.
Am Géigesaz zu de Moustiquen deet de Stéch vun enger Beel däitlech méi wéi, well de Mondapparat vill méi grouss ass. Beelen injizéieren - wéi vill aner Insekten, déi Blutt suckelen - eng Flëssegkeet, déi d'Liwwere vum Blutt verhënnert. Beele kënne bis 0,2 Milliliter Blutt suckelen.
[Änneren] Geforen
Net nëmmen an Afrika iwwerdroe Beelen duerch hire Stéch verschidde Krankhheeten wéi Mëlzbrand, Tularemie. Beim Notzdéier kënnen d'Stëch zu manner Mëllechproduktioun féieren.
[Änneren] Liewensweis
D'Weibercher leeën 100 bis 1000 Eer. D'Larve liewen am Schlamm un de Ränner vu Waasser.