At-Zeechen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Schrëftzeechen @ – d' At-Zeechen (Englesch: at sign) op lëtzebuergesch och Klameraf, genannt ass e wichtege Bestanddeel vun E-Mail-Adressen, wou et de Benotzernumm vum Servernumm trennt.
Ursprünglech bedeit @ am englesche Geschäftsverkéier datselwecht wéi zu oder zu je am däitschen ( 4 lemons @ 20 cents ↔ 4 Zitrounen à 20 Cent). Well et am Handelberäich an engleschsproochege Länner dacks gebraucht ginn ass koum et op de Clavier vun de Schreifmaschinnen a spéider natierlech op Tastaturen vun de PCen.
Déi zwou Schreifweisen à an @ kommen eigentlech aus dem Franséischen. Am Engleschen gëtt normalerweis at (wéi an "I'm at home") gesot an dat Zeechen heescht commercial at. Am Däitsch gëtt @ à oder zuguer shift-alpha ausgeschwat. Méiglecherweis kënnt de Begrëff aus dem Mëttelalter als handschrëftlech Verschmëlzung (Ligatur) vun de Buschstawen a an d vum laténgeschem Wuert ad (lëtz.: bäi oder bäi eppes).
Wéi bei der Erfindung vun der E-Mail am ARPA-Netz no engem nach net benotzten Zeechen am Schrëftsaatz vun den amerikaneschen Telegrafen (ASCII) gesicht ginn ass, dat de Benotzer- vum Servernumm kloer deele sollt, ass den Ray Tomlinson 1971 op den @ gestouss an hien huet et geholl fir at-Symbol an den E-Mail-Adressen.
An eelere Programméiersproochen (z. B. BASIC, dBase) ass @ heinandsdo och fir Operator fir d'Positiounsdonnéeë geholl ginn, de BASIC-Befehl PRINT @ 12,10,"HALLO"
stellt zum Beispill d'Wuert "HALLO" an der zéngter Zeil an no der zwielefter Spléck um Schierm duer.
Zënter 2004 ass d'At-Zeechen och offizielle Bestanddeel vum Morsecode.