30. Februar
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Jan – Februar – Mäe | ||||||
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
29 | (30) |
Nom Gregorianesche Kalenner huet de Februar 28 oder 29 Deeg. Dräimol an der Geschicht koum et awer vir, datt et een 30. Februar ginn ass.
1700 huet Schweden decidéiert vum Julianesche Kalenner op de Gregorianesche Kalenner ze wiesselen, mat der Iddi fir déi nächst zéng Joer op Schaltjoeren ze verzichten.
Sou gouf am Joer 1700 den 29. Februar iwwersprongen. Mee dës Entscheedung gouf erëm séier réckgängeg gemaach an de Julianesche Kalenner gouf nees benotzt. Well Schweden awer elo der Kalennerrechnung vum julianesche Kalenner een Dag viraus war, huet missen en Dag bäikommen, an dëst wor den 30. Februar am Joer 1712. D'Regelung huet och Finnland betraff, dat deemools vu Schweden ofhängeg war. 1753 huet Schweden da schlussendlech definitiv de Gregorianesche Kalenner ugeholl.
1929 hat d'Sowjetunioun wëlles, e revolutionäre Kalenner anzeféieren, an deem all Mount 30 Deeg hätt. Sou gouf et an der Sowjetunioun dann och een 30. Februar an de Joren 1930 an 1931. Mee schonns 1932 gouf d'Iddi vun dësem Kalenner nees fale gelooss.
[Änneren] Um Spaweck
- Den 30. Februar 1712 (en)
- 30 Deeg am Februar (en)
- Kalennerëmstellung a Schweden (en)
- Geschicht vum russesche Kalenner (en)
Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |